Changement e Méinden: D’Thema Schnéi betrëfft éischter eis Däitsch Noperen

Wéi gesot, kënnt et vum Méinden u jo zu engem gréissere Wiederchangement. Net esou ganz kloer war awer, wou d’Grenz tëscht méi wanterlechem a net esou wanterlechem Wieder verleeft.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Un der Grousswiederlag huet sech näischt geännert. Berechent gëtt ëmmernach en Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik an en Déifdrockgebitt am Beräich vu Skandinavien, wouduerch mir ënnert eng méi spierbar nordwestlech Stréimung geroden. D’Kombinatioun aus killen a fiichte Loftmasse féiert dozou, dass de Schnéi en Thema bleift – mee dat trëfft net op de ganze Kontinent zou.


De Setup fir den Ufank vun der neier Wiederwoch | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

De momentane Modellstand vertrëtt d’Berechnungen aus de leschten Deeg ganz gutt a gesäit weiderhin, dass sech e Méinden de Nidderschlag a Form vu Schnéi haaptsächlech ëstlech un eis soll laanschtdrécken. Duerch déi trotzdem méi kill Loftmasse wier zwar Schnéireen ëmmer nach net ausgeschloss, mee d’Konditioune fir de richtege Schnéifall sinn iwwer Däitschland definitiv besser wéi bei eis – dat alles gesäit den europäesche Wiedermodell.

Den amerikanesche Modell ass net vill aneschters ënnerwee: De Gros vun de schnéi-frëndleche Loftmasse beweegt sech ëstlech vun eis laanscht, also iwwer Däitschland. Nidderschléi kommen trotzdeem erof, mee dat éischter just op de Koppen a Form vun e puer Flacken.


D’Situatioun fir e Méinden dem amerikanesche Modell no | Grafik: wxcharts.com

Déi nächst Warscheinlechkeet fir wanterlech Nidderschléi gëtt et de Mëttwoch, well e Randdéif vu Skandinavien aus a Richtung Polen zitt. Anescht wéi e Méinde gëtt d’Keelt méi wäit an de Weste gelooss, wat kuerzzäiteg d’Warscheinlechkeet fir eenzel Schnéischaueren zu Lëtzebuerg erhéicht. Dat ass awer net vu laanger Dauer. Just dem europäesche Modell no solle sech d’Schnéischauere vum Mëttwochnomëtten an den Donneschden eran zéien.

De Fazit

Zesummegefaasst kann een iwwert dëse klenge Bléck an d’Zukunft soen, dass ee sech fir déi nächst Zäit méi op de Schnéireen & Reen fokusséiere sollt wéi op de Schnéi. Reng duerchschnëttlech gekuckt verschlechtere sech d’Chancen op Schnéifäll an eise Géigenden am Verglach zu de leschte Wochen. Wa néideg, komme souwisou Updates.