Changement ënnerwee: Bis ëm 35 Grad net ausgeschloss, dobäi awer och immens schmeier

Bis en Donneschde ginn d’Temperature nach e Stéckchen zréck, ier et dann erëm méi waarm gëtt. Den een oder anere Modell-Laf weist deels richteg hëtzeg Berechnunge vu méi wäit iwwer 30 Grad, mee wat ass drun?

Advertisement

Ëmstellung vun der Wiederlag ass um Wee

Wéi mir et schonn am Wochenausbléck gesinn hunn, ännert sech eis Grousswiederlag am Laf vun dëser Woch. Den Iwwergang dovu spiere mir duerch e bësse manner héich Temperaturen, ouni dass et awer kal gëtt. Déi keelst Deeg markéieren de Mëttwoch an den Donneschden mat eng Kéier 23 bis 26 Grad an 22 bis 25 Grad. Duerno iwwerhëlt en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik d’Wiermt-Pompel an dréckt no a no däitlech méi waarm mee virun allem awer och méi fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg.


Déi wäermst Léisung vum ECMWF vu gëschter Owend fir de kommende Méinden | Grafik: wxcharts.com

Dass dës Ännerung stattfënnt, ass esou gutt wéi sécher – wéi genee se verleeft awer nach net. D’Berechnungen vum europäesche Wiedermodell ECMWF vu gëschter Owend hate fir de Sonnden & och de Méinden Loftmassentemperaturen (Temperatur op 1,5 km Héicht) vu knapp 18 Grad um Programm, wat bei eis um Buedem Lofttemperaturen vu +/- 33 Grad entsprécht. De Laf vun de Moie fréi huet sech op 15 Grad an der Héicht erofkorrigéiert, wat awer mat 30 Grad an eppes driwwer ëmmer nach héichsummerlech waarm wier.


D’Lofttemperatur laut GFS fir de Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS huet elo schonn méi oft a Richtung 17 Grad op 1,5 km Héicht gerechent, wat also erëm 32 bis 34 Grad géif entspriechen.

Déi zwee Modeller rechnen och ëmmer erëm mol, dass aus Westen eng Kalfront kann erabriechen, déi d’Hëtzt ofraumt. Dëst géif dann héchstwarscheinlech net ouni Gekraachs iwwert d’Bühn goen. En Artikel iwwert den Donnerwiederrisk gëtt et hei.

Fazit

Dass et geschwënn erëm däitlech méi waarm gëtt, gesäit aus momentanem Stand aus zimmlech warscheinlech aus. Duerch déi zousätzlech vill méi fiicht Loftmasse misst een awer de Risk vun Donnerwieder am Hannerkapp behalen.