Resumé 09.08.2019
De Freiden, 09. August 2019, läit d’Stuermdéif YAP iwwert de briteschen Inselen. D’Waarm- a Kalfront vun dësem Déif wärten eis haut passéieren. An de fiichtwaarme Loftmasse kënne sech virun allem am Beräich vun der Kalfront deels zolitt Wiedere forméieren, déi an éischter Linn Staarkreen a Stuermstéiss produzéiere kënnen. Virun allem iwwert de BeNeLux- Staaten an am Weste vun Däitschland kënnen och Knëppelsteng optrieden. Wann d’Kalfront am spéideren Owend duerch ass, wärt den Donnerwiederrisk zréckgoen. De Wand hale mir awer nach bis de Samsde mat.
Haut sinn, duerch déi wahrscheinlech Entwécklung vun enger Donnerwiederlinn, net nëmmen eenzel Géigende betraff. Wou genee dat awer virkomme wärt, muss ofgewaart ginn.
Lëtzebuerg läit am ERH Gebitt.
Fir d’lescht aktualiséiert:
09. August 2019 01:23 Auer
ERH
E low-end “erhéichte Risiko” (ERH) gouf erausginn fir: De Nordoste vu Frankräich (Épinal, Chaumont, Nancy, Saint-Dizier, Châlons-en-Champagne, Reims, Metz, Strasbourg, Sedan, …) den Oste vun der Belge (Marche-en-Famenne, Durbuy, Arlon, Couvin, Liège, Saint Hubert, Bastogne, Bertrix, Libramont-Chevigny, Rochefort, Namur, Ciney, Yvoir, Malmedy, Aywaille, Hasselt, …), de Weste vun Däitschland (Düsseldorf, Köln, Siegen, Bonn, Aachen, Koblenz, Siegen, Marburg, Bebra, Fulda, Suhl, Coburg, Butzbach, Daun, Simmern, Idar-Oberstein, Trier, Saarbrücken, Mannheim, Heilbronn, Karlsruhe, Pforzheim, Stuttgart, Gunzenhausen, Nürnberg, Würzburg, Frankfurt am Main, …), de südlechsten Zipfel vun Holland a Lëtzebuerg.
D’Stuermdéif YAP verlagert sech an der Nuecht op de Freide mat séngem Kär a Richtung britesch Inselen. Iwwerdeems schëppt e fiichtwaarm an energieräich Loftmassen a Mëtteleuropa, déi d’Entstéiung vu Schaueren an Donnerwieder provozéiert. Am Virfeld vun der Kalfront, déi eis viraussiichtlech ab dem spéidere Nomëtte bis an den Owend era passéiere wärt, kënne schon eenzel Donnerwieder entstoen. Bei dëse kann et virun allem zu Staarkreen, staarkem Wand an eventuell och Knëppelsteng kommen. Dës triede, wéi gesot, just lokal op. Déi mannst wärten also eppes dovu matkréien.
Am weidere Verlaf vum Nomëtte kënnt schlussendlech d’Kalfront aus Weste méi no. Dës Kalfront kéint méi markant ausfalen, also och ouni Donnerwieder kann de Wand op 60 km/h opfrëschen. Modeller wéi den HIRLAM, HARMONIE, ICON, GFS an AROME deiten d’Entstéiung vu méi groussflächege Wiederen un, méiglecherweis en Donnerwiedersystem a Form vun enger Linn. Sollt et wierklech zu enger linneförmeger Unuerdnung kommen, da geet déi gréisst Gefor vu konvektive Stuermstéiss aus. Wandspëtzte vun tësche 70 a 90 km/h kéinten a souenge Fäll areecht ginn, falls et sech em eng méi staark Zell handelt och mol bis em 100 km/h. Den ERH-Beräich markéiert gläichzäiteg dat Gebitt, an deem mat MLCAPE tësche 700 an 1700 J/kg déi gréisst Instabilitéit opzeweisen ass. Duerch de gënschtegen Opwand geet dëst duer, fir de Risk vu Knëppelsteng an d’Luucht ze drécken. Et si Kärgréisste vun tësche 0,5 an 2,5 cm am Duerchmiesser méiglech.
Et ass vill Beweegung an der Loft, mir hunn et jo schliesslech mat der Kalfront vun engem Stuermdéif ze dinn. Eng Bulk Shear (0 bis 6 km Héicht) vu 30 bis 70 kts deit eng méisseg bis staark Wandrichtungsännerung mat der Héicht un (Wandscherung). Och an de méi niddrege Loftschichte vu 0 bis 3 km ass eng Helizitéit vun 200 bis deelweis 400 m²/s² ze fannen, ënnerstëtzt vun enger vertikaler Wandscherung vun 10 bis 30 kts a 0 bis 1 km. Virun der Kalfront ass d’Atmosphär nach e bësse gedeckelt, d’Convective Inhibition (MLCINH) läit nach bei -20 bis -50 J/kg. Réicht d’Kalfront bréngt den Effekt mat sech, dass sech theoretesch iwwerall an zu jidderzäit Wiedere forméiere kënnen an déi konvektiv Hemmung sou gutt wéi iwwerall nëmme nach geréng wärt sinn.
Dës Wandscherungswäerter sinn en Hinweis dorop, dass ënnert den Donnerwiederzellen och e puer méi zolitt Kalibere kënnen dobäi sinn. Superzellulär Entwécklunge si laanscht d’Kalfront am ERH-Gebitt souguer gutt méiglech. Do wou d’Konditioune sech gutt iwwerschneiden, ass och mol en Tornado net onméiglech. Dëst wärt awer nëmme klengräimeg de Fall sinn.
E Bléck op de Reen. Et ass jo bekannt, dass et zu Staarkreen komme kann. Duerch PWAT-Wäerter vu 35 bis 50 l/m² gëtt dëst nachemol ënnerstrach. Wann een d’Zuchvitesse mat dëse potenzielle Quantitéite berücksichtegt, da kann et mol virkommen, dass et ënnert de stäerkste Nidderschlagskäre mol zu gutt 30 l/m² a kuerzer Zäit komme kann an driwwer! Meeschtens wärten esou Zellen zwar eng Ausnahm duerstelle, mee méiglech sinn se. Am grousse Ganze sollte bei engem Donnerwieder, wou d’Intensitéit nach an der Rumm bleift, tësche 5 an 20 l/m² fale kënnen. Dës Wäerter kéinten och e weideren Indice dorop sinn, dass sech wierklech e gréissere System (MCS) forméieren a virun allem iwwer Däitschland zéie kéint.
Onsëcherheet: D’Modeller rechnen den Zäitpunkt, un deem d’Kalfront donnerwiederufälleg gëtt, deels ënnerschiddlech. Déi meescht sinn zwar der Meenung, dass dëst scho geschéie wärt, ier se Lëtzebuerg areecht, eenzelner gesinn déi meescht Aktivitéit awer réischt hanner Lëtzebuerg. Sollt sech déi lescht Variant duerchsetzen, da wier bis op e bësse Gedimmers a Reen näischt nennenswäertes ze erwaarden.
Weider Onsëcherheet: Schon zimmlech fréi gëtt mat e puer Wollécke gerechent. Sollten dës d’Sonnenastraalung vill behënneren, dann hätt dat e groussen Afloss op all dat, wat ech elo grad geschriwwen hunn a kéint d’Prognos op de Kapp stellen. D’Donnerwiederaktivitéit géif markant ënnerdréckt ginn, well einfach vill manner Energie do wier.
KLNG
E “klenge Risiko” (KLNG) gouf erausginn fir: D’Mëtt an de Norde vu Frankräich (Digoin, Chalon-sur-Saône, Besançon, Vesoul, Bourges, Nevers, Cosne-Cours-sur-Loire, Auxerre, Sens, Orléans, Coulommiers, Laon, Paris, Saint-Quentin, Mulhouse, …), Deeler vun der Belge (Antwerpen, Bruxelles, Mons, Charleroi, …), Holland (Tilburg, Eindhoven, ‘s-Hertogenbosch, Dordrecht, Nijmegen, Arnhem, Apeldoorn, Zwolle, Amsterdam, Enschede, …), Deeler vun Däitschland (Lingen, Osnabrück, Münster, Hamm, Duisburg, Dortmund, Hagen, Birlon, Bielefeld, Paderborn, Einbeck, Göttingen, Kassel, Kelbra, Erfurt, Jena, Plauen, Chemnitz, Nabburg, Regensburg, Ingolstadt, Dingolfing, Augsburg, Ulm, Reutlingen, Neresheim, Freiburg im Breisgau, …).
Wann d’Kalfront am fréie Nomëtten iwwert der Mëtt vu Frankräich, der Belge an Holland läit, da kënnen och an där méi energieaarmer Loft eenzel Schaueren a Wiederen entstoen. Virun allem wann dës méi wäit a Richtung Osten, also an déi méi energieräich Loftmassen zéien, kënnen dorauser rem méi staark Schliet resultéieren. Quantitéite vu 5 bis 15 l/m² si lokal begrenzt net onméiglech. D’Wahrscheinlechkeet vu Knëppelsteng ass eben duerch déi net sou héich Zuel u CAPE net sou grouss. Duerch den Zesummenhang mat der Kalfront selwer sinn awer trotzdem mol Wandspëtzte vu 50 bis 75 km/h net onméiglech. Hannert der Kalfront bleift et lëfteg, allerdéngs zéie just nach e puer eenzel Schaueren duerch, ier d’Aktivitéit ëmmer manner gëtt.
An der Nuecht beweege sech d’Donnerwieder aus dem ERH-Gebitt weider a Richtung Osten aus dem ERH eraus an den KLNG. Do reene se sech aus, punktuell ka nach onwiederartëge Charakter areecht ginn. Um Samsdemoie sollte se awer lues awer sëcher a sech zesummefalen.
ALGM
En “allgemenge Risiko” (ALGM) gouf erausginn fir: Deeler vu Frankräich (Tours, Chartres, Beauvais, Amiens, Arras, Lille, …), de Weste vun der Belge an Holland, Deeler vun Däitschland (Hannover, Dresden, Passau, München, Buchloe, Bad-Saulgau, …).
Betrëfft de Westen: An dësem Beräich fänkt d’Kalfront lues a lues un, ufälleg fir Donnerwieder ze ginn. Mat dobäi kënnt och ouni dat schon e méi frësche Wand dobäi, well et jo eben d’Front vun engem Stuermdéif ass. Et kann zwar punktuell méi staark reenen, dëst diert awer meeschtens net der Ried wärt sinn. De Wand areecht zäitweis Spëtzte vun em 60 km/h. An der Nuecht op de Samsden dréit de Wand lues a lues ëmmer méi op, well d’Stuermfeld eragezu kënnt. Spëtzte vu 75 bis lok. 80 km/h kënnen areecht ginn.
Betrëfft de Rescht: Donnerwieder aus dem KLNG zéien an den ALGM, wou se sech lues a lues ofschwäche wärten. Hei an do ass mol nach e kräftege Schluet dobäi, schlëmmeres sollt awer net virkommen.
DWDR
En “Donnerwiederrisiko” (DWDR) grenzt dee Beräich of, an deem Donnerwieder ze erwaarde sinn.