Comeback vum Saharastëbs: Nieweneffekt vun den iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen

An eise Géigende schwätzt een éischter am Summer mol vu Saharastëbs, mee och elo soll et awer nach eng Kéier esouwäit sinn - e Nieweneffekt vun den iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen an der neier Woch.

Südwestlech bis südlech Stréimung bréngt net nëmmen héich Temperaturen

Wéi schonn ugekënnegt, sinn d’Temperaturen de Moment um klammen. Dësen Trend wäert an de nächsten Deeg virugefouert ginn, zumools muer de Méinde kéint de wäermsten Dag vun der Woch ginn. Wann ee sech awer elo d’Fro stellt, wou dës Loftmassen hierkommen, da wonnert et een och net, dass do erëm bësse Saharastëbs dobäi ass – se komme nämlech riicht aus Afrika. Dat ass och de Grond, firwat et no Spuenien och elo a Frankräich zimmlech waarm ginn ass. Dës Wiermtblos, Saharastëbs inklusiv, schafft sech weider a Richtung Norden an trëfft och op Lëtzebuerg.

Auswierkunge net grad déi selwecht

Eis erwëschen zwar déi selwecht Loftmassen – allerdéngs kënnen dës opgrond vun der Joreszäit net méi dat selwecht Potenzial ausnotzen wéi nach am Summer. De Sonnestand ass schonn vill méi niddereg wéi virun e puer Méint nach, wouduerch et an eise Breeten einfach net méi esou waarm ka ginn. Wiere mir beispillsweis nach Juli, dann hätte mir et elo an der neier Woch mat gutt 28 Grad an driwwer ze dinn.


D’Grousswiederlag um Méinden

Wat erwaart eis dann elo?

Nodeems haut um Sonnden schonn 31 Grad am Südweste vu Frankräich gemooss goufen, zitt sech de Beräich mat den “héijen” Temperaturen elo weider an de Norden a kënnt muer um Méinde bei eis un. Bei eis zu Lëtzebuerg si muer Maximaltemperature vun tëscht 19 an 23 Grad ze erwaarden, mat “Chance” kéint et besonnesch laanscht d’Musel och mol fir 24 Grad duergoen. Just fir unzemierken: vun engem meteorologesche Summerdag schwätzt een, wann d’Temperatur op mannst 25 Grad bedréit. Deemno wéi kéinte mir also net all ze wäit wech vun där Schwell ukommen.

Fir den Dënschde stinn aus aktueller Siicht 16 bis 20 Grad um Programm, de Mëttwoch 14 bis 17 Grad an den Donneschde 15 bis 17 Grad. Bis Enn der Woch sollten d’Temperaturen dagsiwwer bei tëscht 15 an 20 Grad bleiwen.

Déi duerchschnëttlech Temperatur iwwert e ganze Mount Oktober läit zu Lëtzebuerg bei 9,9 Grad. Mam Wëssen, dass et och an de Nuechten op verschiddene Plaze net ënner 10 Grad ofkille wäert, ass de Lien zu enger ze waarmer Period séier gemaach.

Roll vum Saharastëbs

Muer um Méinde besteet mol nach d’Warscheinlechkeet vu Reen. Et kann also sinn, dass sech de Stëbs als Oflagerung u Géigestänn wéi z.B Autoe bemierkbar mécht. Vum Dënschden u gëtt d’Nidderschlagswarscheinlechkeet méi niddereg, op mannst mol bis den Donneschden. Am Fall vun Opkläerunge kéint den Himmel also ëmmer nach e bëssen dréif sinn, wärend dem Sonnenop- an Ënnergang kënne sech och méi intensiv Faarwe weisen.


E Méinden erreecht eis erëm e Schwall u Saharastëbs, wat eigentlech méi an de Summerméint de Fall ass | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr