Confirméiert: Am fréien Owend hat sech am Raum Nusbaum en Tornado forméiert

An der Fiels hat sech beim Passage vun der Front eng Superzell forméiert, déi dunn direkt hannert der L/D-Grenz en Tornado produzéiert hat. Zumools am Raum Nusbaum gouf gréissere Schued ugeriicht.

Advertisement

Tornado war um Radar ze erkennen

Den Tornado, deen am Raum Nusbaum fir de grousse Schued gesuergt huet, gouf vun enger Superzell aus Lëtzebuerg produzéiert.

Iwwerdeems d’Donnerwiederfront iwwer Lëtzebuerg ewechgezu war, hat e puer mol um Radar dono ausgesinn, wéi wa sech e puer kleng Rotatiounszentren an d’Front agelagert hätten. Dëst alleng heescht awer nach laang net, dass een Tornado entsteet. Um Geschwindegkeetsradar waren dës Zirkulatiounen och net wierklech enk, wat dat nach eng Kéier ënnersträicht.

Interessant gouf et géint 15:25 Auer am Raum Larochette (Link fir Radarbild), wou sech un enger agelagerter Donnerwiederzell ugefaangen hat, e sougenannten Hook-Echo ze forméieren. E war zwar net besonnesch däitlech, mee um Geschwindegkeetsradar (Doppler) huet ee schonn Géigesätz vun de Wandrichtungen erkannt. Dës Struktur ass géint 15:40 Auer tëscht Longsduerf a Beaufort duerchgezunn, iwwerdeems d’Signatur um Geschwindegkeetsradar ëmmer méi däitlech gouf.


Riets den Dopplerradar (Geschwindegkeetsradar), lénks de Nidderschlagsradar | Radar: RadarScope

Op der Däitscher Säit ukomm: Géint 15:45 Auer läit den Hook-Echo vun der Donnerwiederzell (an Tëschenzäit Superzell) kuerz viru Nusbaum a beweegt sech iwwert de nërdlechen Deel vun der Géigend ewech. Zur selwechter Zäit gëtt den Dipol, also d’Signatur um Geschwindegkeetsradar déi fir en enke Punkt mat entgéintgesate Wandrichtungen schwätzt, zimmlech däitlech. Géint 15:55 Auer louch de confirméierten Tornado dunn bei Enzen-Stockem, Bettingen an ass ënner Ofschwächung a Richtung Neidenbach virugezunn.


Den ongeféiere Wee, deen d’Superzell mam Tornado zréckgeluecht huet | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrond: GoogleMaps

Tornado confirméiert

Dass Meldungen iwwert en Tornado erakoumen, war net besonnesch verwonnerlech. Wou d’Superzell op däitscher Säit war, huet et alleng nëmmen de Radarbiller no schonn immens warscheinlech no engem Tornado ausgesinn. Dohier gouf et dunn och en Hiweis op menger perséinlecher Säit:

Natierlech huet een dunn awer missen op Fotoen a soss Meldunge waarden, an déi koumen och no a no. Am Endeffekt huet dunn dës Foto fir Kloerheet gesuergt.