Convective Outlook fir den 18. August 2019

Am Laf vum Sonnde passéiert eis d’Kalfront vun engem Stuermdéif. Un dëser Kalfront kënne sech am Dagesverlaf lokal verstäerkt Schauer- an eenzel Donnerwiederzelle forméieren, bei deene virun allem de Staarkreen a potenziell méi staark Wandstéiss en Thema kënne ginn. Ënner Ëmstänn sinn och Stuermstéiss net auszeschléissen. Zu Lëtzebuerg hëlt de Risk vun engem Donnerwieder schon um fréien Owend of, iwwerdeems virun allem am Südweste vun Däitschland bis an de spéideren Owend eran och Wiedere mat Knëppelsteng méiglech sinn.

Dir gidd demnächst weidergeleed…

Dir gidd nët weidergeleed? Klickt hei