Zanter Opzeechnungsufank louch déi global Duerchschnëttstemperatur an engem September nach ni esou héich wéi elo am rezent vergaangene Mount.
Wat ass Copernicus?
Déi elo opgefouert Donnéeë baséieren alleguerten um Copernicus Climate Change Service (C3S), an déi Milliarden un Donnéeën vu Satellitten, Schëffer, Fligeren a Wiederstatiounen mat erafléissen. All Mount gëtt e Bericht verëffentlecht, an deenen ë.A. d’Ännerungen vun der globaler Lofttemperatur an der Déckt vum Äis ënnersicht a presentéiert ginn.
Aus dësen Donnéeë geet ervir…
…dass de September 2023 och op globaler Basis esou waarm war wéi nach ni virdru gemooss. D’Lofttemperatur, also der Norm no op +/- 2 Meter iwwert dem Buedem (och nach als surface air temperature genannt) louch bei 16,38°C. Dëst läit 0,98°C iwwert der Laangzäit-Referenzperiod vu 1991-2020 a 0,5°C iwwert dem ale Rekord – also dem September 2020. Verglach mat der pre-industrieller Zäit, als Referenz déngen d’Joren 1850-1900, war de September 2023 ëm 1,75°C méi waarm.
Wa mir elo kucken, wéi sech d’Joer 2023 op der Welt bis elo entwéckelt huet, da fällt op, dass déi global Duerchschnëttstemperatur vu Januar bis September 0,52°C iwwert der Moyenne louch. Vergläicht een dat elo mam Joer 2016, wat bis haut zesumme mam Joer 2020 dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank war, da leie mir de Moment, op de selwechten Zäitraum bezunn, ëm 0,05°C méi héich. Bezunn op d’pre-industriell Zäit, also op d’Zäitspaan vun 1850-1900, si mir schonn bei 1,4°C ukomm.
Alleng op den europäesche Kontinent bezunn, war de September och de wäermsten zanter Opzeechnungsufank. E war 2,51°C méi waarm wéi déi duerchschnëttlech September-Méint tëscht de Joren 1991-2020 an 1,1°C méi waarm wéi de September aus dem Joer 2020, deen elo vun der éischter Plaz entlooss gouf.
Wat d’Uewerflächentemperatur vum Mierwaasser ugeet, louch d’Duerchschnëttstemperatur tëscht de Breetegraden 60°S an 60°N bei 20,92°C – esou héich wéi nach ni virdrun an engem September. Op all d’Méint gekuckt, kënnt en esouguer op déi zweet Plaz a reit sech hannert dem August 2023 an.
Mieräis weiderhin op engem Déifpunkt
Wéi een op dëser Grafik erkennt, bleift d’Mieräis weiderhin fir dëst Joer op engem neie Minusrekord.
Message vum Samantha Burgess, stellvertriedend Directrice beim C3S:
“The unprecedented temperatures for the time of year observed in September – following a record summer – have broken records by an extraordinary amount. This extreme month has pushed 2023 into the dubious honour of first place – on track to be the warmest year and around 1.4°C above preindustrial average temperatures. Two months out from COP28 – the sense of urgency for ambitious climate action has never been more critical.”