Corse: Blesséierter an Doudesaffer no Onwieder mat Wandstéiss vun 200 km/h

Eng extrem Onwiederfront ass am Virmëtten iwwer d'Corse ewechgezunn. Et gëtt vun 3 Doudesaffer an 13 Blesséierte geschwat.

Titelbild: Bacci Christian

Immens zolitte Wand mat méi wéi 200 km/h

D’Wiedermodeller haten et gëschter schonn esou ugekënnegt, mee dass et elo wierklech esou zolitt komm ass, ass trotzdeem erstaunlech. An immens energie-geluedene Loftmassen huet sech en Donnerwiedersystem forméiert, deen de Moien tëscht 8 a a 9:30 Auer iwwer d’Corse ewechgezunn ass. Besonnesch schro huet et d’Nordhallschent vun der Insel getraff.

D’Donnéeë vun de Wiederstatioune schwätze fir sech: zu Marignana ass e Wandstouss vun 225 km/h gemooss ginn, d’Statioun vun Ile Rousse war mat 206 km/h dobäi. Zu Calvi ass et fir 197 km/h duergaangen, direkt hannendru kënnt Bocognano mat 188 km/h.

Un de Statiounen Marignana, Calvi an Bocognano handelt et sech ëm déi héchst Wandvitessen, déi jeemools un dëse Statioune gemooss goufen.

Doudesaffer a Blesséierter

Duerch dës immens Wandvitessen ass leider och enorme Schued ugeriicht ginn. Géigestänn goufen duerch d’Loft gewirbelt a vill Beem ëmgerappt. En 13 Joer aalt Meedchen an och e Mann vu 46 Joer goufe Medieberichter no vun engem Bam erschlo, wéi dësen op hire Bungalow gefall ass. Un der Küst vun der Gemeng Coggia, am Weste vun der Insel, ass eng 72 järeg Fra ëm d’Liewe komm. En Daach, deen fortgeflu war, ass op hiren Auto gefall.

Geschwat gëtt och nach vun enger 23 järeger Itelienerin, op déi e Bam gefall ass. Se gouf liewensgeféierlech blesséiert. D’Medie schreiwe vun op mannst 12 weidere Blesséierten.

EDF Corse: 45.000 Clienten ouni Stroum

Wéi d’EDF Corse matdeelt, sinn duerch d’Onwieder ronn 45.000 Clienten ouni Stroum.

D’Pompjeeën haten de Moie vill ze dinn, dat besonnesch duerch Äscht a Beem, déi d’Stroosse blockéiert hunn. Och Leit, déi zu dësem Zäitpunkt mat hire Booter um Mier ënnerwee waren, hu misse gerett ginn. Et gëtt vu 60 bis 70 Asätz am Mier esouwéi och laanscht d’Küste geschwat, dat haaptsächlech duerch Booter, déi a Séinout geroden oder ënnergaange sinn. Duerch déi schwéier Wiederkonditioune konnte keng Rettungshelikopter agesat ginn.