Däitschland: Den 28. Abrëll ass en Tornado duerch Ebersheim, RLP gezunn

Den 28. Abrëll war am Raum Mainz eng immens opfälleg Superzell ënnerwee, déi um Radar verdächteg Strukture gewisen huet. Elo ass kloer: Et hat sech tatsächlech en Tornado forméiert.

Titelbild: Förderverein der freiwilligen Feuerwehr Mainz-Ebersheim e.V.

Advertisement

F1 Tornado bei Mainz

D’Superzell war um Radar esou kloer definéiert, dass ech den Ubléck hu missen op Facebook a Form vun engem Screenshot deelen. Et war direkt gewosst, dass fir dës bestëmmt Zell de Risk vun engem Tornado definitiv erhéicht wier. Südwestlech a südlech vu Mainz ass aus de verschiddenste Géigenden direkt Schued gemellt ginn, wouropshin d’Recherchen zu Hiweiser fir e méiglechen Tornado direkt ugaange sinn.

Wéi d’Resultater vun tornadomap.org elo erginn hunn, war zu Ebersheim a Rheinland-Pfalz en Tornado ënnrwee. D’Intensitéit gouf als F1 T3 festgeluecht, wat Wandvitesse vun tëscht 149 an 184 km/h entsprécht. Opgetrueden ass e géint 18:38 Auer a war méiglecherweis iwwert eng Streck vun op d’mannst 11,9 Kilometer aktiv. De maximalen Aflossberäich vum Wirbel ass op ongeféier 140 Meter geschat ginn. Zu de betraffene Géigende gehéiere Klein-Winternheim, Ebersheim, Mommenheim a Schwabsburg.

D’Schuedensbiller weisen haaptsächlech entwuerzelt Beem an och méissege Schued un Diecher. Zu Ebersheim selwer ass e Gaardenhäischen gutt 20 Meter wäit ewechgeblose ginn, iwwerdeems aner Stécker (Debris) e puer Fënsteren duerchschloen hunn. Eng ausféierlech Analys fannt Dir ënner tornadomap.org