Däitschland: Gréissere Bëschbrand am Brandenburger Land

Net nëmmen zu Lëtzebuerg ass et vill ze dréchen, mee och iwwer aneren Deeler vum Kontinent. Esou och am Brandenburger Land an Däitschland, wou et de Moment zu engem gréissere Bëschbrand kënnt.

100 Hektar Bësch a Flamen

Bei Treuenbrietzen am Landkrees Potsdam-Mittelmark a Brandenburg kënnt et de Moment zu engem gréissere Bëschbrand. Medieberichter no sollen dem neiste Stand no gutt 100 Hektar Bësch a Flame stoen. D’Bewunner aus den ëmleidende Géigende, wéi zu Tiefenbrunnen, ginn dozou opgefuerdert, hir Haiser direkt ze verloossen. De Bëschbrand war schonn de Freiden ausgebrach an huet sech duerch de gënschtege Wand ëmmer erëm nei entfacht. Fir d’Leit zu Treuenbrietzen gouf eng Noutënnerkonft virbereet.

Och an der Uertschaft Frohnsdorf gëtt dozou opgeruff, Deeler vum Duerf ze verloossen. Och hei gëtt geroden, sech an d’Noutënnerkonft zréckzezéien.

Duerch Munitiounsreschter aus dem zweete Weltkrich ginn d’Läschaarbechten immens erschwéiert. Zu Fouss kann een d’Gebitt wuel net betrieden, et ass een op Hëllef aus der Loft ugewisen. Eenzelne Medie no soll et och zu eenzelnen Detonatioune komm sinn.

An der selwechter Géigend gouf et och 2018 gréisser Bëschbränn. Deemools goufe 400 Hektar Bësch zerstéiert. Aus den uertschafte Frohnsdorf, Klausdorf an Tiefenbrunnen hu misse 500 Leit evakuéiert ginn.

Och op anere Plaze kënnt et zu Bränn, wéi beispillsweis a Spuenien. An der Sierra de la Culebra am Nordweste vum Land hu Flächebränn méi wéi 20.000 Hektar am Grëff. 14 Uertschaften hu missten evakuéiert ginn.

Quell: AFP / dpa