Däitschland: Tornadosaison 2022 deierst zanter Opzeechnungsufank

D'Tornadosaison 2022 an Däitschland war eng richteg markant. Besonnesch erausgestach huet den 20. Mee, un dem esouguer e richtegen Tornado-Outbreak stattfonnt huet.

Tornadoen hu fir grousse Schued gesuergt

Dësen Artikel baséiert op den Informatioune vum Thomas Sävert, Tornadoexpert an Däitschland & Grënner vun der Tornadoliste.de esouwéi och unwetteragentur.de. Ergänzunge sinn duerch d’Datebank fir zolitt Wiederphänomener (European Severe Weather Database) entholl ginn.

D’Donnerwiedersaison war am Joer 2022 schonn zimmlech fréi drun, a genee esou och déi éischt Tornadoen. An Däitschland sinn déi éischt Tornadoe schonn am Februar & Abrëll opgetrueden, mee dat sollt nach näischt sinn géint de Peak vun der Saison, deen réckbléckend den 20. Mee 2022 stattfonnt huet. Et war e richtegen Tornado-Outbreak, esou wéi een en aus den USA kennt. An der ESWD stinn bis dato 7 confirméiert Tornado-Fäll, dem Tornadoexpert Thomas Sävert no ginn et awer nach 10 weider Verdachtsfäll.

De staarken Tornado, deen den 20. Mee 2022 duerch Paderborn gezunn ass, huet Wandvitesse vun iwwer 200 km/h generéiert – änlech also wéi den Tornado zu Lëtzebuerg, deen de 9. August 2019 iwwert de Südweste vum Land ewechgezunn ass. Zu Paderborn gouf et 43 Blesséierter, de versécherte Schued an Ostwestfalen esouwéi och a Südniedersachsen beweegt sech am dräistellege Milliouneberäich. Am grousse Ganze sinn an Däitschland am Joer 2022 31 Tornadoe confirméiert ginn. 11 weider Fäll si net zu 100% verifizéiert, ginn awer als plausibel agestuuft. Dem Stand vum 7. Dezember 2022 no ginn et fir de Rescht nach weider 147 Tornado-Verdachtsfäll, wat awer e bësse manner ass wéi am Joer virdrun. Well sech vill Fäll awer eréischt Méint, wa net esouguer Jore méi spéit kläere, kéint d’Zuel vun de confirméierten Tornadoen am Joer 2022 nach an d’Luucht goen.

Den Tornado-Outbreak den 20. Mee 2022

Et war net nëmmen den Tornado zu Paderborn deen F2 Intensitéit erreecht huet, mee och deen zu Lippstadt & am Krees Holzminden. D’Schneis zu Lippstadt ass plazeweis esouguer 900 bis 950 Meter breet gewiescht, et huet sech also op mannst zäitweis ëmt e sougenannte Wedge-Tornado gehandelt. Dës Tornadoen zeechne sech doduerch aus, dass se scheinbar méi breet wéi héich sinn. Déi selwecht Superzell, déi dësen Tornado generéiert huet, huet zu Paderborn e weideren Tornado produzéiert a 43 Mënsche blesséiert. De Schued geet an d’Milliounen. Den Tornado ass 23,5 Kilometer wäit gewandert a war tëschenzäitlech 400 Meter breet. D’Stad Paderborn beziffert de Schued op 150 Milliounen Euro, 100 Milliounen dovu gouf op Firmegelänn ugeriicht. Eng 1000 Beem sinn duerch den Tornado a Matleedeschaft gezu ginn. Den Tornado am Krees Holzminden war och immens breet, 750 Meter goufe bei der Analys festgestallt.

Staarken Tornado am Saarland

De leschte méi markanten Tornado vum Däitschen Tornadojoer 2022 ass net eosu wäit ewech vun heiheem opgetrueden, nämlech am Saarland. En war iwwert eng Distanz vun 10 Kilometer um Buedem an hat sech un enger Superzell forméiert, déi vu Frankräich aus eriwwer an d’Saarland gezu war.