
Matten iwwert dem Atlantik forméiert sech momentan e Stuerm, deen e Freiden als zolitten Orkan op déi brittesch Inselen trëfft. Eng Rëtsch Modeller rechnen an Irland mat Wandspëtzte vun ëm 200 km/h.
Advertisement
Och fir brittesch Verhältnisser zolitt
Irland an England si Stierm a Wandvitesse vu wäit iwwer 100 km/h gewinnt, déi dohannen héchst jeemools gemoosse Wandspëtzt louch bei 278 km/h. Den Orkan Éowyn, deen elo usteet, ass awer op kee Fall ze vernoléissegen – de staatlechen iresche Wiederdéngscht huet fir de Südweste vum Land déi héchst Warnstuf rout erausginn – et wier mat liewensgeféierleche Konditiounen ze rechnen.

Gewarnt gëtt viru Wandstéiss vun iwwer 130 km/h, fir de Rescht vum Land gëllt eng orange Warnung fir Wandstéiss bis 130 km/h.
Modeller mat Wandspëtzten ëm 200 km/h
Si leeë sech also net op en definéierte Maximalwäert vun de Wandspëtzte fest. Mee wat soen d’Modeller? Dës weisen e net alldeeglecht Bild: Den amerikanesche GFS rechent fir d’Nuecht op e Freiden fir d’Mier, wat knapp südwestlech vun Irland läit, Spëtzte vu bis zu 185 km/h. Och an direkter Küstegéigend kënnen dës oder änlech Wäerter optrieden.

Dem europäesche Modell no geet de Peak vum Stuerm eréischt am Laf vum fréie Freidemoien un, mee e rechent gläichzäiteg och vill méi héich Vitessen. E gutt Stéck méi wäit westlech vun Irland gi fir iwwert dem Mier Spëtzte vu bis zu 240 km/h berechent. Fir Südwestküst ginn tëscht 160 an 180 km/h berechent, de franséischen ARPEGE-Modell gesäit dat änlech. Den däitschen ICON rechent iwwert dem Mier mat 180 km/h, un der Küst nach ëm 150 km/h.
Ofgesi vun der direkter Ëmgéigend vun der Küst sinn änlech Vitessen och op den Hiwwelen ze erwaarden. An England ass de Maximum vum Stuerm a Richtung Freidenomëtten ze erwaarden, fir d’Géigenden Belfast, Manchester, Newcastle a Glasgow gëllt eng Warnstuf Orange. Vitesse vu bis ëm 130 km/h gi sech erwaart.