Dat Neitst iwwert den Ex-Hurrikan KIRK a säin Afloss op Lëtzebuerg

De KIRK läit aktuell westlech vun den Azoren an ass ëmmer nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie. Deemnächst geet en awer an en aussertropescht Déif iwwer a kënnt op eis duer.

Advertisement

De KIRK ass kuerz viru senger Ëmwandelung

Wéi am éischten Update iwwert de KIRK schonn erwänt, erwaart eis um europäesche Kontinent keen Hurrikan an och keen Tropestuerm. De Stuerm zitt de Moment nordwestlech un den Azoren laanscht a wandelt sech all Moment an en aussertropescht Stuermdéif ëm.


Déi aktuell Positioun vum KIRK mat sengem projezéierte Lafwee, berechent vum National Hurricane Center | Grafik: zoom.earth, Edit: Météo Boulaide

Dat heescht, dass de Stuerm seng tropesch Eegeschafte verléiert an duerno näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn huet – wat awer net heescht, dass de Stuerm harmlos wäert sinn, wann en op dat europäescht Festland trëfft.

Nach d’lescht Woch war de KIRK e staarken Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie 4.

Den Aflossberäich vum KIRK

Wéi déi momentan Modeller et gesinn, trëfft de Stuerm an der Nuecht op e Mëttwoch op den äusserste Nordweste vu Portugal a Spuenien. An de Spëtzte kënne Wandvitesse vun tëscht 100 an 120 km/h optrieden, eenzelne Modeller no esouguer méi. E Mëttwoch selwer sinn haaptsächlech déi nërdlechst Deeler vu Spuenien betraff, inkl. d’Pyrenäen. De Kär läit iwwerdeems schonn iwwert der Biskaya a knapp westlech vun der franséischer Küst. Wärend en do u Land trëfft, sinn laanscht déi ganz Küst vun der Nouvelle-Aquitaine schwéier Stuermstéiss bis hin zu Orkanstéiss vun tëscht 100 an 120 km/h ze erwaarden, besonnesch iwwert dem Mier selwer sinn och mol 140 km/h net ausgeschloss.


Den ongeféiere Parcours vum Ex-Hurrikan KIRK | Animatioun: wxcharts.com

Um spéidere Mëttwochowend ass ze erwaarden, dass de KIRK mat sengem Kär iergendwou am Groussraum Paräis läit. Wéi et typesch ass, befënnt sech d’Stuermfeld vun engem Stuermdéif südlech vum Kär – dohier ass zu dësem Zäitpunkt och iwwer Zentralfrankräich mat Stuermstéiss ze rechnen. An de Spëtzte kënne nach tëscht 90 an 110 km/h virkommen. Duerno gëtt et awer méi kniffleg: Entweder géint Mëtternuecht oder och an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Donneschde läit de Kär iwwert eiser Groussregioun. Onsécher ass, ob de Kär dann exakt iwwert eis wäert ewechzéien oder knapp nërdlech laanschtgeet. Zitt e genee iwwert eis ewech, da wier de Wand kee gréissert Thema. Ass et awer anescht, da gerode mir och un de Rand vum Stuermfeld an hätte Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarden. Nieft dem Wand ass och mat gréisseren a potenziell warnrelevante Reenzommen ze rechnen. Dorop gi mir awer an engem separaten Artikel méi genee an.

Nodeems de Kär eis zimmlech no koum, wandert en bis den Donneschdemëtten a Richtung Norddäitschland oder och Ostséi. D’Stuermfeld gëtt op dësem Wee ëmmer méi kleng an och méi schwaach.