
Den zweeten Dag mat Dauerreen & kräftege Schauere geet esou lues op en Enn. Mir kucken eis un wéivill et gereent huet an och, wéi et virugeet.
Meeschte Reen am Westen
Bis ewell muss ee soen, dass d’Wiedermodeller d’Situatioun vun der Verdeelung hier zimmlech gutt ageschat hunn. Wéi virausgesot, war gëschter um Dënschden haaptsächlech de Westen/Südweste vum meeschte Reen betraff. Haut huet sech dunn de “Schwéierpunkt” méi a Richtung Nordwesten verlagert. Vun de Quantitéiten hier haten d’Modeller d’Situatioun awer e klengen Tick ënnerschat – säitens Météo Boulaide hätt ee kënnen de Warn-Niveau 2/3 ausruffen.
D’ASTA-Statioun vu Rued huet an de leschten zwee Deeg de meeschte Reen gemooss. En Dënschden huet et zanter Mëtternuecht 64,3 l/m² gereent, haut um Mëttwoch sinn et bis ewell 27,7 l/m² gewiescht. Domat kéime mir bis elo op 92 l/m² Reen, déi wärend dëser Dauerreenlag zu Rued gefall sinn. Och op den anere naasste Plazen am Land, also haaptsächlech am Nordwesten, sinn bis elo verbreet iwwer 60 l/m² erofkomm. E Bilan mat definitiven Zomme kënnt no.
Mee wéi geet et elo virun?
Am Nomëtte sinn aus Westen, wéi ugekënnegt, weiderhi kräfteg Reefäll duerch d’Land gezunn – dat a Form vu Schaueren. Dat engt oder anert klengt Donnerwieder war och mat dobäi. D’Fro déi sech elo stellt ass, ob et dann elo esou virugeet oder et sech fläit hoffentlech ännert.

Dës Kéier kann ech och mol eng gutt Noricht verkënnegen: Muer um Donneschden reent et haaptsächlech nach wärend der éischter Dageshallschent, et handelt sech awer net méi ëm gréisser Zommen. Um Owend zitt dann e Randdéif vum Ärmelkanal aus op Amsterdam, wat bei eis um spéideren Owend/an der Nuecht fläit nach eng Kéier fir déi eng oder aner Schauer kéint suergen. Och dëse Reen léisst eis Peegelen net méi wäit klammen.
Fir de Weekend gëtt et däitlech méi kal, de Wanter probéiert mol erëm eppes. Den Détail dozou fannt Dir hei.