D’Aussiichten: De Weekend kann et rem zu Frascht a lokal glate Stroosse kommen

A nächster Zäit wäert de Reen däitlech nolossen, et gëtt awer trotzdem weiderhi lues a lues méi kill. Wéi et a nächster Zäit viru goe wäert, fannt Dir an dësem Artikel.

Um Weekend méi grouss Chancen op sonneg Momenter

De Moment ass d’Wieder mol nach méi variabel, bis de Freide kënne vum Atlantik hier ëmmer rem Schaueren an eist Land eragezu kommen. D’Temperaturen ännere sech bis dohi net wierklech vill. Haut um Mëttwoch sinn tëscht 8 an 10 Grad ze erwaarden, um Donneschden an och de Freide sinn et tëscht 6 an 10 Grad am Dag. Um Freiden zéien zwar nach e puer Wolleken duerch, sonneg Momenter sinn awer och méiglech an et sollt meeschtens drëche bleiwen.

De Weekend geroode mir viraussiichtlech rem ënner méi héije Loftdrock, d’Wollekendecken ass net méi grad sou zéi. D’Sonn kritt also rem besser Chance, sech weisen ze kommen an et sollt am Allgemengen einfach méi frëndlech gi wéi mir et an de leschten Deeg haten. E liichte Biergop also wat d’Laun vum Wieder ugeet, anescht awer fir d’Temperaturen. Des maache nach e Krack no ënnen a pendle sech tëscht 6 a 9 Grad um Samsden an, um Sonnde soll et de momentane Berechnunge no just nach 4 bis 7 Grad waarm ginn.

De Verlaf vum Rescht vun der Woch vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Frascht a glat Stroossen an de Nuechte méiglech

Bei dëse niddregen Temperaturen am Dag freet ee sech natierlech, wéi et dann an de Nuechte wuel ausgesäit. De nächste Loftfrascht soll an der Nuecht op de Freide virun allem an den Däller am Norden optriede kënnen, wou d’Wäerter op -1 Grad fale kënnen. Och soss am Land leien d’Wäerter tëscht 0 an héchstens 4 Grad, wouduerch et op mannst zu Buedemfrascht komme kann. An der Nuecht op de Samsde si nachemol ähnlech Wäerter ze erwaarden, ier et an der Nuecht op de Sonnde net méi grad sou kill sollt ginn. Kill gëtt et awer ëmmerhin an dat ka sech och an déi nächst Woch eran zéien.

Gleeft een de momentane Modellrechnunge vum amerikaneschen Ensemble GEFS, da soll et an der Zäitspaan vum 8. bis den 13. November kaum zu Nidderschléi kommen. Zwar ka mol eng Schauer oder och mol Fisemreen/Niwwel drënner sinn, mee net méi déi Quantitéiten aus de leschten Deeg. Wärend dëser Period sollen d’Temperaturen och op engem ähnleche Niveau bleiwe, wéi se am Moment fir de Samsden an de Sonnde berechent ginn. An der Zäit drop soll et rem e bësse méi waarm ginn, ob dat wierklech sou kënnt ass natierlech rem eng aner Fro. Et ass einfach nach ze wäit fort.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)