D’Déif LYNN bréngt vill Reen, mee net bei eis

De Gros vum Weekend sti mir ënnert dem Afloss vum Déif mam Numm LYNN, wat haaptsächlech am Südweste vun Däitschland, mee och an der Schwäiz wéi och an Deeler vun Éisträich gréisser Reenzomme brénge wäert.

Südwestdäitschland an Alpegéigend am meeschte betraff

De Weekend iwwer bleift d’Wieder variabel zu Lëtzebuerg. Wéi et sech konkret entwéckle wäert, fannt Dir ënnert dësem Link. Iwwerdeems vill Leit zu Lëtzebuerg op gréisser Reenzomme waarden, wäert d’LYNN am Südweste vun Däitschland, Deeler vun der Schwäiz an och Éisträich fir uerdentlech Reenzomme suergen.

Déi meescht Wiedermodeller si sech doriwwer eenz, dass am Südweste vun Däitschland Zomme vun tëscht 30 a 70 l/m² fale sollen. Lokal begrenzt kënnen et och bis ëm 100 l/m², jee no Orographie/Landschaft. Kuckt een op d’Schwäiz, da solle südlech vun Zürich Akkumulatioune vun tëscht 100 an 240 l/m² erofkommen. De meeschte Reen soll vum Samsdenowend un bis an de Sonnden era falen. De Westen an d’Mëtt vun Éisträich ass mat tëscht 30 a punktuell 100 l/m² dobäi. Wéi een et sech schon denke kann, ass plazeweis mat Iwwerschwemmungen ze rechnen.


D’Reequantitéite vum Freide bis de Sonnden inclus. Modell: ECMWF | Grafik: wxcharts.com

D’Reequantitéiten zu Lëtzebuerg

Wat d’Reequantitéiten zu Lëtzebuerg ugeet, sinn d’Wiedermodeller erëm mat gréisseren Differenzen ënnerwee. Dëst läit an éischter Linn dorun, well de Weekend iwwer haaptsächlech eenzel Schaueren ënnerwee wäerte sinn. De Modeller fält et schwéier, genee ze simuléiere, wou dës erofkomme wäerten, wéini an ob iwwerhaapt. Fest steet awer, dass et naass gëtt. Op den enge Plaze just e bësse méi wéi iergendwou anescht. Vu grousse Quantitéite kann een am Allgemengen awer net schwätzen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 8 an 11 l/m². De meeschte Reen soll am äussersten Oste vum Land am Beräich Iechternach erofkommen, an dat haaptsächlech de Sonnden. E gréissere Kontrast weist den europäeschen ECMWF, deen uechtert Land mat 1 bis 4 l/m² rechent. Dësem Modell no soll et un der Nordspëtzt an och am Süden/Südwesten am meeschte reenen, iwwerdeems d’Mëtt an den Osten am mannsten ofkréie sollten. De franséischen ARPEGE gesäit et nach en Tick anescht a rechent laanscht Musel an un der Nordspëtzt mam meeschte Reen – tëscht 3 an 8 l/m² gi berechent.

Ee Modell, deen dës Kéier erëm besonnesch erausstécht, ass den däitschen ICON. Tëscht näischt a 4 l/m² solle bis de Sonndenowend inclus erofkommen. Am meeschten un der Nordspëtzt, am mannsten an enger Sträif vu Péiteng bis erop op Iechternach/Veianen an ëm 1 oder 2 l/m² am Südoste vum Land.


D’Nidderschlagsanimatioun dem franséischen ARPEGE no | wxcharts.com