De Februar 2024 war méi waarm wéi en duerchschnëttleche Mäerz

De Februar 2024 geet a Saachen Temperaturen als Rekord-Februar an d’Geschicht an. Och wat de Reen betrëfft, war et ze naass.

Advertisement

D’Donnéeë vum Findel

Ier mir eis déi tatsächlech gemoossen Donnéeën ukucken, hei nach d’Normalwäerter fir e Februar, baséierend op der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020. D’Temperaturmoyenne läit an engem Februar bei 2,2°C, iwwerdeems et duerchschnëttlech 59,0 l/m² reent. Iwwerdeems Dir déi nächst Zeile liest, mierkt Dir séier, wéi aussergewéinlech de Februar 2024 war.

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel gouf de 15. Februar eng Maximaltemperatur vun 13°C gemooss, iwwerdeems den 2. Februar mat -0,6°C déi nidderegst Temperatur opgetrueden ass. Déi generell Moyenne beleeft sech op onbeschreiflech 6,5°C. Domat war et also bal dräi mol méi waarm ewéi soss – oder fir et nach méi däitlech ze maachen: De Februar 2024 hätt grad esougutt kënnen e Mäerz sinn, an esouguer dann wier e nach ze waarm gewiescht. Zu Lëtzebuerg läit d’Temperaturmoyenne an engem Mäerz nämlech bei 5,7°C.

Reenméisseg war et och ze naass. Um Findel goufen 103,2 l/m² registréiert, duerchschnëttlech wieren 59 l/m². Dës Quantitéite sinn iwwer 19 Deeg verdeelt erofkomm. Wat d’Sonnestonnen ugeet goufen 34,2 Stonne gezielt, normal wieren et der 79,5 gewiescht.