De Frascht ass zréck: An de nächste Nuechte gett et batterkal

Kill Loftmasse fannen hire Wee zréck op Lëtzebuerg, wouduerch et plazeweis uerdentlech ofkille wäert.

Wéi am Wochenausbléck de Moien thematiséiert, fannen déi méi kill Loftmassen esou lues erëm hire Wee zréck op Lëtzebuerg. Dëst kréie mir virun allem an de Nuechten ze spieren, wou et a verschiddenen Däller am Norden esouguer bis ëm -6 Grad kal ka ginn.

En éischte Wiederhiweis fir dës méi kill Phas gëlt fir d’Nuecht op den Dënschden, 21. Dezember. An der Nordhallschent vum Land ginn d’Wäerter bis den Dënschdemoien op tëscht -3 a -6 Grad zréck, an der Südhallschent sinn tëscht -1 a -5 Grad ze erwaarden. Duerch Nätzt déi fréiert ass mat lokal glate Streckenofschnëtter ze rechnen. Een deen muer fréi eraus muss, sollt deemno wéi e bësse méi Zäit aplangen fir d’Scheiwen fräizekrazen.

Och an de Nuechten drop gëtt et richteg kill, iwwerdeems mir dagsiwwer bei Temperature vu gréisstendeels tëscht -1 an 3 Grad leien. An der Nuecht op de Mëttwoch si mir am Norde mat tëscht -4 a -7 Grad dobäi, e puer héichopléisend Modeller wëllen esouguer -9 Grad net ausschléissen. Och am Süden wier et mat -4 bis -7 Grad batterkal. Dat selwecht Spill hu mir an der Nuecht op den Donneschden, wou et am Norden awer net méi grad esou kill sollt ginn. Am Laf vum Donneschde klammen d’Temperaturen am Allgemengen erëm, vun der Nuecht op de Freiden un si keng Hiweiser wéinst nidderegen Temperaturen oder glate Stroosse méi ze erwaarden.