Héichdrockafloss am Wanter heescht och, dass d’Temperaturen an de Nuechten erëm méi wäit zréckginn. Ausser Scheiwe krazen a punktuell glat Streckenofschnëtter geschitt de Weekend awer net vill.
Deels erëm e méi déiwe Minusberäich méiglech
Mir hu Wanter, also si Minustemperature näischt aussergewéinleches. An de leschten Deeg war de Frascht jo trotzdeem e gréissert Thema ginn, dat well punktuell -17°C erreecht goufen. Dës Kéier gëtt et zwar och kal, mee net méi grad esou wéi deemools.
Elo an der Nuecht op e Freide mierke mir net vill dovun, d’Wäerter bleiwe gréisstendeels bei iwwer +5°C. Anescht ass et an der Nuecht op e Samsden an där mir schonn lues a lues mierken, dass den Héichdrockafloss en Effekt op eis huet. Tëscht -3 a 0°C sinn ze erwaarden.
Méi niddereg geet et an der Nuecht op e Sonnden – virun allem wärend de fréie Moiesstonne gi punktuell bis zu -5°C net ausgeschloss. D’Nuecht op e Méinde gëtt nach liicht fraschteg, ier mir dann an deenen drop erëm am labbere Plus landen.
Et ass also erëm Scheiwe kraazen ugesot. 😉