De Frascht-Check: Planze leide weiderhin ënner Stress

Duerch déi iwwerduerchschnëttlech Temperaturen, déi mir de Gros vum bisherege Joer haten, ass et séier gréng ginn dobaussen. Elo, wou et däitlech ze kill ass, leiden d’Planzen immens drënner – och déi an Ärem Gaart. Wéini gëtt et erëm besser?

Advertisement

D’Temperature sinn de Moment ënnerduerchschnëttlech

Dass d’Temperaturen an dësem Joer bis viru kuerzem nach gréisstendeels däitlech iwwert de laangjärege Moyenne war, ass jo gewosst. Mee och an Zäite vun der Äerderwiermung ass et net ëmmer ze waarm: Mir hunn et de Moment mat enger kuerzer méi killer Phas ze dinn, déi esouguer ënnerduerchschnëttlech Temperature mat sech bréngt. De Problem bei der Saach ass deen, dass d’Natur natierlech och op déi héich Temperature reagéiert huet. Et ass nawell séier alles gréng ginn, wat awer elo grousse Stress fir d’Planze bedeit.

An de Nuechte sinn d’Temperaturen a leschter Zäit ëmmer erëm bis op de Gefréierpunkt gefall, deels och drënner. Zäitweis war esouguer nach e bësse Schnéi dobäi, wat awer generell, statistesch gesinn, näischt aussergewéinleches ass fir en Abrëll. Och am Dag beweege sech d’Temperature meeschtens net iwwer 10 Grad eraus.

Wéini kënnen d’Planzen erëm opootmen?

An de nächsten zwou Nuechte wäert den Himmel kloer bis liicht wollekeg sinn, plazeweis si Niwwelfelder méiglech. Dëst dréit awer dozou bäi, dass et nach en Tick méi kal gëtt: Fir d’Nuecht op e Méinde kann et zumools un der Nordspëtzt op tëscht -3 a 0 Grad zréckgoen. Am Rescht vum Land beweege mir eis weiderhi net wäit vum Gefréierpunkt ewech. Fir d’Nuecht op en Dënschde gesäit et ganz änlech aus, mee an där op e Mëttwoch soll et mat 0 bis eppes driwwer e klengen Tick manner kal ginn.


D’Iddi vum europäesche Modell gesäit a gutt enger Woch erëm méi waarmt Wieder | Animatioun: wxcharts.com

Geet et dem europäesche Modell no, da soll et an der Nuecht op en Donneschden erëm op e Minimum vu -2 Grad zréckgoen, ier et dann awer erëm méi mëll zu Lëtzebuerg gëtt – an der Nuecht esouwéi och am Dag. Den amerikanesche Modell dogéint gesäit nach bis e Sonndemoie fraschteg Plazen am Land, wann awer och op engem minimal méi mëlle Niveau.

Et gëtt also, egal wéi, a Richtung Enn der neier Woch e liichten Trend no uewen. An der iwwernächster Woch solle mir eis dann endlech erëm an e méi duerchschnëttleche Beräich fir d’Joreszäit beweegen.