De Fuerplang: D’Donnerwiederlag muer um Dënschden, 12. September 2023

E puer Deeg laang schwätze mir schonn driwwer an d’Modeller bleiwe bei hirer Meenung: Muer besteet iwwer BeNeLux & Däitschland de Risk vun deels zolittem Staarkreen mat Donnerwieder.

D’Situatioun

Muer um Dënschde läit eng Konvergenzzon iwwer Deeler vu Frankräich, BeNeLux & Däitschland, wouduerch sech Schaueren an Donnerwieder forméieren. Eenzel Zellen dovu kéinte nawell zolidd ausfalen, dat virun allem a Saache Staarkreen.

De Verlaf

Momentanem Modellstand no bleift et en Dënschdemoie nach gréisstendeels dréchen, tëscht de Wolleke si mol nach sonneg Momenter méiglech. Et gëtt zimmlech schmeier, wat dem Donnerwiederrisk natierlech an d’Kaarte spillt. Am fréie Nomëtten ass am Raum Troyes mat den éischten Entwécklungen ze rechnen, déi sech och schonn bis op Reims erop kéinten zéien. Nodeems schonn am fréie Mëtten e puer eenzel Zelle net onméiglech sinn, gesinn déi meescht Modeller ëm 16 Auer dann de Gros vun der Donnerwiederaktivitéit an eist Land eranzéien, ier en dann schonn ronderëmt 19 Auer kéinten eraus sinn. Natierlech kann een dësen Zäitraum awer net 1:1 huelen, well Donnerwieder ëmmer erëm och eng gewëss Eegendynamik matbréngen, wat alles e bësse ka verréckelen.


De Verlaf laut AROME-Modell | Animatioun: wxcharts.com

De Risk vu Wiederen ass zimmlech héich, an dat an der ganzer Groussregioun. Et ass ze erwaarden, dass ënnert de kräftegsten Zellen op alle Fall de Staarkreen kann e Probleem ginn, virun allem a Saache kuerzzäitegen Iwwerschwemmungen an de Stroossen (tëscht 20 a 40 l/m² a kuerzer Zäit méiglech). Och Stuermstéiss a Knëppelsteng sinn ënnert dësen Zelle net ausgeschloss – mee w.e.g denkt drun, dass nach laang net jiddereen eng vun dësen Zellen wäert ofkréien. Et sinn och manner staarker dobäi, an déi wierklech zolitt Phänomeener sollten eng méi lokal Affär ginn.

Spéitstens no Mëtternuecht rechent esou gutt wéi kee Modell méi mat Reen.