De Fuerplang: Wéi d’Onwieder an Däitschland Lëtzebuerg wäert beaflossen

Et geet reenereg virun, mee virun allem am Grenzgebitt zu Däitschland a weider bis a Baden-Württemberg kann ee vun enger ugespaaner Situatioun schwätzen. Gréisser Iwwerschwemmunge si méiglech.

Advertisement

Onwieder duerch Iwwerschwemmungen an eiser Groussregioun

Zanter der leschter Woch an och dem Weekend gouf et déi éischt Undeitungen op Wiederlagen, déi eis gréisser Reenzomme kënne bréngen. Déi neist Modeller bleiwen dobäi, a leeën esouguer nach een drop: Nodeems d’Reegebitt aus der Nuecht op en Donneschde schonn en Tick méi kräfteg ausgefall war wéi geduecht (punktuell huet et bis zu 42 l/m² gereent, dovun dat meescht an Zäit vun 2 Stonnen), steet elo dat nächst Reegebitt un.


Déi viraussiichtlech Verlagerung vum Reegebitt laut ARPEGE-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dëst Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwert dem südwestlechen Däitschland, also a Baden-Württemberg, a beweegt sech am Laf vum fréie Freidemoien ëmmer méi wäit a Richtung Nord/Nordwesten. Op sengem Wee kënnt et zu markantem bis massivem Dauerreen, vun dem mir och hei zu Lëtzebuerg eppes ofkréien. Wéi vill dat exakt wäert sinn, kann nach net genee gesot ginn, mee de Risk vu warnrelevanten Entwécklunge besteet och hei – dohier sinn zanter dem Mëtten och sämtlech Warnungen an Hiweiser aktiv.

Punktuell 100 l/m², deemno wéi awer wäit driwwer

Déi aktuell Modeller gesinn, dass et an engem Beräich vum äusserste Südweste vun Däitschland iwwer Deeler vun Rheinland-Pfalz, dem ëstleche Saarland an och dem äusserste Südweste vun Hessen am warscheinlechsten ass, dass et zu Reenzomme vun tëscht 80 an 100 l/m² kënnt, an dat an Zäit vu 24 Stonnen, deels manner. Dëse schmuele Beräich ass, wa mir vun eiser Kaart ausginn, ëmginn vun enger weiderer Zon, an där 30 bis 60 l/m² kënnen optrieden.


D’Aschätzung vun de Reenzommen. Am Fall vu lokalen Ausnamen ass däitlech méi net ausgeschloss | Grafik: Météo Boulaide

Wat méi wäit westlech an ëstlech, wat manner Reen – dat gesäit ee gutt an de giel markéierte Géigenden op der Kaart. Mir kënnen also enthuelen, dass Lëtzebuerg esou zimmlech um Rand vun dëser Geschicht läit. Spontan Entwécklungen wäerten driwwer entscheeden, ob fir eis e Maximum vu “just” 30 l/m² dran ass, oder ob et driwwer eraus geet. Et sief awer och ze betounen: Déi meescht Modeller sinn ze iwwerflächlech opgeléist, esoudass d’Auswierkungen vu potenziell klengen mee zolitte Schliet net mat agerechent sinn. Am Worst Case wieren un deenen däitlech méi héich Zomme méiglech, wéi et op der Kaart uginn ass.

An de rout markéierte Gebitter esouwéi och an direkter Ëmgéigend dovu soll een also besonnesch gutt oppassen – markant bis leider och staark Iwwerschwemmunge sinn duerch déi ugeschwat “verschleiert” LOKAL Entwécklunge net onméiglech.

Zäitpunkt fir Lëtzebuerg

D’Modeller gesinn den Zäitpunkt ënnerschiddlech, mee tëscht fréistens ronderëm Mëtternuecht (17.05.2024 – 00:00) an spéitstens dem fréie Freidemoie géint 07:00 sollt et esouwäit sinn. Vun do un zitt sech de Reen bis an de Freidenowend a fläit och mol bis an de Samsdemoien eran.