De grousse Schnéi-Update: Vu nächster Woch u spannend duerch Loftmassegrenz

De leschte Schnéi-Update ass schonn e bëssen hier – mee wéi virun e puer Deeg gesot, klëmmt d’Warscheinlechkeet fir e Schnéi-Comeback weiderhin. An der nächster Woch stinn e puer interessant Situatiounen un.

Nach leie mir ënner Héichdrockafloss

Am Ufank war nach net esou ganz sécher, ob den Héichdrockafloss heiheem schonn wärend dem Weekend selwer zesummefällt oder net. An Tëschenzäit gesäit et awer esou aus, wéi wann eis eréischt a Richtung Sonndenowend déi éischt spierbar Ännerunge géifen ustoen. De Moment erstreckt sech mol nach e gréissert Héichdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus a Richtung Südosteuropa. Nërdlech dovun dréinen d’Déifdrockgebitter hir Kreeser, déi och geschwënn wäerten eng Roll bei eis spillen.


D’Situatioun bis e Sonndemëtten | Animatioun: wxcharts.com

Dat heescht, dass et bis de Weekend mol nach gréisstendeels frëndlech an zäitweis och zimmlech kill bleift. Nennenswäert Nidderschléi bleiwen aus, an domat och de Schnéi.

Mee dann kënnt eng Ännerung

Et ass schonn net schlecht, wéi d’Modeller awer méi oder manner bei hirer Meenung vu virun e puer Deeg bliwwe sinn. Vum Méinden u gëtt weiderhi berechent, dass sech den Héichdrockafloss méi wäit eraus op den Atlantik verlagert, iwwerdeems sech ëmmer méi déiwe Loftdrock iwwer Europa breet mécht – dat mol bis en Dënschden. Duerch d’Stréimungsrichtung vun den Drockgebitter (Héich mat der Auer, Déif géint d’Auer) bleiwen d’Loftmasse kill, mee duerch d’Nordséi géifen d’Loftmassen däitlech méi fiicht ginn. Dëst dréckt d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi an domat och Schnéifall an d’Luucht.


Et baut sech eng Loftmassegrenz op | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Déi richteg interessant Zäit geet awer ronderëmt Mëtt der nächster Woch un, well d’Héichdrockgebitt, wat sech eraus op den Atlantik beweegt huet, ëmmer manner en Afloss wäert op eis hunn. Mir geroden aktuelle Berechnunge no erëm ënnert eng west-südwestlech Stréimung, wat och erëm zu méi mëlle Loftmasse féiert. Iwwer Skandinavien läit awer ëmmer nach déiwe Loftdrock, deen eis wanterlech Loftmassen aus dem héije Norden op Lëtzebuerg erofschëppt. Déi méi mëll Loftmassen aus dem Südwesten drécken also widdert déi kill Loftmassen aus dem Norden – eng Loftmassegrenz entsteet.

Wat ass esou interessant un enger Loftmassegrenz?

U Loftmassegrenze forméiere sech Nidderschléi – dat heescht, dass do wou se openeentreffen, eng ganz “Wurscht” aus Nidderschléi entsteet. Dës kënne sech méi laang iwwert bestëmmte Géigenden ophalen – a geréit een op déi méi kill Säit vun dëser Loftmassegrenz, da géif dat méi kräftege Schnéifall vun enger méi laanger Dauer bedeiten. Genee esou eng Situatioun rechent de momentanen amerikanesche Modell GFS fir e Mëttwoch an Donneschde fir eis. A well d’Loftmassen och an den Deeg drop kill genuch kéint bleiwen, wier esouguer um Freide weidere méi kräftege Schnéifall net ausgeschloss – mee jo, et ass nach e bësse bis dohin. Et ka sech nach e bëssen eppes änneren.

Den europäesche Modell rechent mat enger e bësse manner markant ausgepräägter Loftmassegrenz wärend dem Donneschden an dem Freiden – Schnéi géif et awer trotzdeem bréngen.

Wéi warscheinlech ass dat, a wéi vill Schnéi kéim erof?

Mir beweegen eis mat dësen Aussiichten net am séchere Beräich vun 2 bis 3 Deeg am viraus – dohier sinn all dës Saache nach mat Virsiicht ze genéissen. Onwarscheinlech sinn se awer net, well se ëmmer erëm esou berechent ginn. Sécher ass et dann awer trotzdeem nach laang net, well déi genee Positioun vun der Loftmassegrenz no all Berechnung anescht ausgesäit. Gerode mir op déi méi mëll Säit dovun, dann huet et sech séier ausgeschneit.


Eng Moment-Opnam vum amerikanesche Modell GFS fir de 19. Januar 2024 | Grafik: wxcharts.com

Géif et dem aktuelle Stand no goen, dann hätte mir et dem europäesche Modell no an eppes méi wéi enger Woch mat enger Schnéicouche vun tëscht 5 an 11 cm ze dinn an dem amerikanesche Modell no mat 12 bis 23 cm – an dës wiere net nëmmen op d’Koppen am Norde begrenzt. Et bleift spannend!