De Koméit Tsuchinshan-ATLAS daucht um Lëtzebuerger Nuetshimmel op

Een Orbit ronderëmt d’Sonn dauert 80.000 Joer, fir eis ass et elo eng eemoleg Geleeënheet en ze gesinn. Dass en iwwerhaapt iergendwann erëmkënnt, ass och net garantéiert.

Advertisement

Erënnerungen un de Neowise gi wakrech

Kënnt Dir Iech nach un de Koméit Neowise erënneren, deen am Juli 2020 um Himmel ze gesi war? Eng änlech Experienz bréngt elo den Tsuchinshan-ATLAS mat sech. Elo am Oktober ass en eis mat enger Distanz vu 70 Millioune Kilometer am notsten, duerno verschwënnt en erëm an der Däischtert vum Weltall.


De Koméit Neowise den 12. Juli 2020 vu Bauschelt aus fotograféiert | Foto: Météo Boulaide

Fir wéi laang ass nach net gewosst: En Orbit ronderëmt d’Sonn dauert ronn 80.000 Joer – e puer Unzeeche no kéint et awer sinn, dass och d’Äerd dëse Koméit ni méi ze gesi kritt: E kéint nämlech schonn um zesummefale sinn.

Mam bloussen Aen siichtbar

Frënn vun der Astronomie wäerten e sécherlech schonn per Teleskop oder Spektiv beobacht hunn, elo ass de “Mainstream” un der Rei: De Tsuchinshan-ATLAS ass vun elo un och mam bloussen Aen ze gesinn a wäert eis iwwert déi nächst Deeg begleeden. Ëmmer nach déngt eng Spektiv oder eng Kamera mat guddem Zoom a Stativ als praktesch Hëllef. En ass just nach e puer Deeg laang esou ze gesinn, duerno geet et fir eng kuerz Zäit just nach per Teleskop. Et heescht also ze profitéieren.

Fir de Koméit ze gesinn, kann ee sech un der Venus orientéieren. Ongeféier zwou Fauschtbreeten iwwert hir sollt en ze fanne sinn, dat mat engem markante Schwäif deen riicht no uewen ausgeriicht ass. De beschen Zäitpunkt dofir ass wärend a kuerz nom Sonnenënnergang mat Vue a Richtung Westen.

Un déi Interesséiert: Notzt d’Chance also, esoulaang se nach do ass. A Richtung Mëtt Oktober gëtt de Koméit ëmmer manner gutt siichtbar, ier e komplett verschwënnt.