De Mëttelfrist-Ausbléck: Bis Mëtt November erëm méi waarm

An den éischte Novemberdeeg hate sech d'Temperature kuerzzäiteg der Joreszäit ugepasst. Elo ännert dat wuel erëm geschwënn - wat éischt wanterlech Versich ugeet hu mir also weiderhi schlecht Kaarten.

Vu normal erëm op iwwerduerchschnëttlech waarm

De Wanter, oder op mannst e klengen Hauch dovun, huet de Moment einfach keng sou gutt Kaarten. Ufanks November hate mir d’Chance, dass sech d’Temperature no enger méi laanger iwwerduerchschnëttlecher Phas erëm agependelt haten – elo kann dat awer och geschwënn erëm riwwer sinn. De Grond dofir: d’Wiedermodeller rechnen erem domat, dass sech en Héichdrockgebitt iwwert eis festsetze kann. Dat heescht, dass et engersäits net esou vill reene wäert an anerersäits déi kill Loftmasse nach en Tick méi schlecht Chancen hunn, zu Lëtzebuerg Fouss ze faassen.


Gréisser Temperaturanomalie fir Mëtt November iwwer groussen Deeler vun Europa & esouguer a Richtung Nordpol | Grafik: wxcharts.com

Dat muss awer net onbedingt heeschen, dass et de ganze Rescht vum November ze waarm bleiwe wäert.

Den Temperaturverlaf dagsiwwer

No de gréisstendeels 7 bis 12 Grad aus de leschten Deeg klammen d’Temperature muer um Méinden op Maximalwäerter vun tëscht 11 a 14 Grad, den Dënschde sinne souguer erëm 14 bis 18 Grad méiglech. De Mëttwoch gi viraussiichtlech 14 Grad erreecht, den Donneschden 10 bis 13 Grad an de Freiden 10 bis 12 Grad. Bis ronderëmt de 15. November kann dann erëm e klenge Push no uewe komme, bei deem d’Wäerter op ee Neits a Richtung 15 Grad klammen.

Bis Mëtt November bleift et also tendenziell ze waarm fir d’Joreszäit, …

… mee wéi geet et duerno virun?

Den Deel, deen mir bis heihi beschriwwen hunn, kann een als zimmlech warscheinlech astuufen. Elo si mir bei deem méi spekulativen Deel ukomm, bei dem mir eis einfach mol op déi momentan Mëttelfrist-Modellrechnungen & Laangzäitrechnungen bezéien. Wann een elo beispillsweis d’Laangzäitrechnungen fir déi lescht Novemberwoch hëlt, da rechent den europäesche Modell mat neutralen Duerchschnëttswäerter. Dat heescht also, dass dann erëm eng Chance besteet, dass d’Temperature vun hirem iwwerduerchschnëttleche Beräich erëm eroof an de normale Beräich rëtschen.


Den europäesche Laangzäitmodell gesäit fir déi lescht Novemberdeeg duerchschnëttlech Temperaturen op eis duerkommen | Grafik: EFFIS

E klengen Hiweis dorop gëtt eis och de momentanen GEFS-Ensemble, deen hannen eraus mat engem gewësse Réckgang vun den Temperature rechent.


Déi momentan GEFS-Ensemblerechnungen bis den 21. November | Grafik: meteociel.fr

Wat een op der Grafik och erkennt ass, dass de Beräich vum Nidderschlag, also ënnen, keng all ze grouss Signaler gëtt. Dat ass op d’Héichdrocklag zréckzeféieren, déi sech jo demnächst erëm bei eis breetmaache soll. Dem no kéint de November also en insgesamt ze dréchenen a liicht ze waarme Mount ginn – esouguer falls déi lescht 1,5 Woche vum November en Tick méi kill ausfale sollten.