De Modell-Check: Nach Chancen op Schnéi am Februar?

De leschte Modellupdate zu dësem Thema ass schonn erëm e bëssen hier. Dëst ännere mir elo.

Den aktuelle Stand

An dësem Artikel baséiere mir eis op de Berechnunge vum amerikanesche GFS an europäeschen ECMWF – well dëst déi Modeller sinn, déi am wäitste kucke kënnen.

An direkt kann ee schonn mol soen, dass sech bis d’nächst Woch Mëttwoch net all ze vill doe wäert. Mir leien ënnert enger variabler Westwiederlag, duerch déi ëmmer erëm Frontesystemer vu Westen hier iwwert eis Géigenden ewechzéie kënnen. Dëst bréngt dann och Temperaturschwankunge mat séch, duerch déi nohalteg wanterlech Zenarie quasi onméiglech sinn. D’Loftmasse lossen et awer trotzdeem zou, dass et an de Nuechte plazeweis zu Frascht an och dem Risk vu glate Stroosse komme kann. An der zweeter Wochenhallschent, ronderëmt de 17., 18. a 19. Februar, kéint sech dann och mol erëm eng méi stiermesch Situatioun ukënnegen – esou gesinn et déi momentan Modeller op mannst. Dëst ass natierlech mat Virsiicht ze genéisse, well et nach esou laang bis dohin ass.

Kéint déi kommend Woch nach a Richtung Wanter flippen? Eng kleng Chance dorop kéint et um Samsden, 20. Februar a Sonnden, 21. Februar ginn. Hannert enger Kalfront kënnen do kuerzzäiteg fiicht a kal genuch Loftmassen zesummentreffen an esou fir e puer Flacke suergen. Signifikant Quantitéite wieren do awer net dobäi a fort wieren se och séier erëm, well schonn fir de Méinden, 21. Februar däitlech ze waarm Loftmasse berechent ginn. Fir den Ufank vun der iwwernächster Woch, ronderëmt den 22. Februar, kéint sech eng immens mëll Loftmass dofir asetzen, dass esouguer de Nuetsfrascht et richteg schwéier gemaach kritt. Zumools wann een de GFS bis un de leschten Dag kuckt, bis de 27. Februar, ass weiderhi näischt ze gesinn, wat no enger bestänneger wanterlecher Situatioun ausgesäit.

Fazit

De Fazit ass also deen, dass et mat engem zimmleche Mix virugeet – engem Mix aus méi frëndlechen Deeg, ier et erëm bësse méi gro a naass & potenziell lefteg gëtt. Ausser e puer eenzel Flacken ass de Moment net mat engem Wanterabroch ze rechnen.