De Moie fréi: En 1 Meter groussen Asteroid ass an der Atmosphär vergléit

Den Impakt vum Asteroid SAR2667 war gëschter Owend vun der europäescher Weltraumagence ESA ugekënnegt ginn. Et ass eréischt déi 7te Kéier, dass esou eng Prognos iwwerhaapt konnt gemaach ginn.

Titelbild: tymlaly76700 via Twitter

Advertisement

Nëmmen e puer Stonnen am Viraus entdeckt

Den Asteroid Sar2667 (2023 CX1) ass e Sonndenowend um 21:18 Auer vum Geosproff & Asteroidenentdecker Krisztián Sárneczky gesiicht ginn, also nëmmen e puer Stonne virum tatsächlechen Impakt. Zu dësem Zäitpunkt war e nach gutt 233.000 Kilometer vun eis fort. Doropshin hat d’europäesch Weltraumagence ESA op Twitter matgedeelt, dass den Himmelskierper tëscht 03:50 a 04:03 eiser Zäit an d’Äerdatmosphär antriede soll. Den Objet ass um 03:50 Auer eng lescht Kéier vu Fuerscher aus Italie beobacht ginn, 13 Minutten virum Impakt. Géint 04 Auer ass den Asteroid dunn als Meteor iwwert dem Ärmelkanal an der Äerdatmosphär vergléit.

Och vu Lëtzebuerg aus war de Spektakel ze gesinn. Merci fir Är sëlleg Meldungen!

Ier dësen Objet op d’Äerd getraff ass war et en äerdnoen Asteroid, deen zu de sougenannten “Apollo Asteroiden” zielt. Dëst ass eng Grupp vun Asteroiden, déi an engem zimmlech noen Orbit zu der Äerd stinn – entdeckt an de 1930er Jore vum däitschen Astronom Karl Reinmuth.