De Moiesupdate iwwert de Glëtz & Schnéi e Mëttwoch

Haut brénge mir e puer Updates iwwert déi potenziell geféierlech Wiederlag muer. Gréisser Schnéiquantitéite sinn ze erwaarden, genee esou awer och markant Zommen u Glëtz. Den aktuelle Stand.

Situatioun eescht huelen

Jo, et ass Wanter. Jo, am Wanter ass Wanterwieder. Mee nee, d’Berechnunge fir muer gesäit ee net an all Wanter. D’Situatioun ass nämlech net nëmmen op de Schnéi fokusséiert, mee och op de Glëtz. Et ass mat enger geféierlecher Mëschung ze rechnen, déi leider fir gréisser Probleemer am Verkéier ka suergen. D’Situatioun, dass d’Loftmassegrenz kënnt, ass sécher.


Wéi d’Loftmassegrenz viraussiichtlech verleeft | Animatioun: wxcharts.com

Dat eenzegt wat ebe nach muss gekläert ginn ass, wéi wäit d’Loftmassegrenz mam Glëtz an de Norde vum Land virukënnt – dëst entscheed dann och nämlech, op wéi eng Géigende vum Land sech de Schnéi fixéiert. An dësem éischten Update vu mindestens 2 kucke mir dat Ganzt e chronologesch anzedeelen.

De viraussiichtleche Fuerplang fir e Mëttwoch

D’Modeller bleiwen dobäi, dass se d’Loftmassegrenz esouguer zimmlech genee iwwer Lëtzebuerg gesinn. Dat heescht, dass fir eis ebe net nëmmen entweder de Schnéi oder de Glëtz relevant sinn, mee vun Zäit zu Zäit déi zwee.

Wéi schonn e puer mol ugedeit, soll et um fréie Mëttwochmoien, kuerz viru 6 Auer, vu Frankräich hier mat den éischte Schnéischaueren ugoen. No a no réckt d’Nidderschlagsgebitt virun a Richtung Nordosten a wäert bis ronderëmt 8/9 Auer de Gros vum Land schonn ofdecken. De Schnéifall gëtt iwwerdeems och no a no méi kräfteg. Duerch d’Intensitéit an d’Viraussetzung, dass de Buedem souwisou schonn gefruer ass, kann dovu ganz séier den een oder aneren Zentimeter leie bleiwen.


D’Temperaturen op 1,5 Kilometer Héicht: Aus Frankräich dréckt esou lues déi “waarm Nues” eran, déi fir Glëtz suergt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Glëtz léisst allerdéngs net laang op sech waarden. Et ginn zwar nach zäitlech Ënnerscheeder an de Modeller, mee op alle Fall soll déi “waarm Nues” vun der Waarmfront, déi eben op eis kill Loftmassen trëfft, schonn géint 9 Auer seng Fangeren am Spill hunn. Vu Frankräich hier geet de Schnéi no a no a Schnéireen a Reen iwwer, an dat obwuel d’Temperature nach tëscht -2 a 0 Grad leien. An der Héicht, sou op 1,5 Kilometer, sinn et awer schonn knapp iwwer 0 bis hin zu 1 Grad. De Nidderschlag fällt also a flësseger Form op de gefruerene Buedem a kann direkt veräisen.


Dëst weist, wéi et zu Glëtz kënnt. Waarm Loftmassen drécke sech iwwert déi méi schwéier, kill Loft um Buedem. Esou reent et, obwuel mir et nach mat Minustemperaturen ze dinn hunn | Grafik: National Weather Service

Bis an d’Mëttesstonn eran soll sech de Schnéi op der äusserster Nordspëtzt am längsten halen, iwwerdeems am Gros vum Rescht vum Land de Glëtz en Thema ass. An Tëschenzäit leien d’Temperaturen tëscht -1 a knapp iwwer 0, iwwerdeems op 1,5 Kilometer Héicht 1 bis deels 3 Grad gemooss ginn. Et ass also kloer: Dëse Nidderschlag fällt als Reen aus méi waarme Loftschichten eraus, riicht a Loftschichten vun ënner Null eran.


Hei gesi mir ongeféier, wéi wäit sech de Schnéifall kann an de Norde vu Lëtzebuerg zréckzéien | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Am Laf vun de Stonnen geet awer och d’Temperatur bei eis um Buedem an d’Luucht, esoudass sech d’Situatioun mam Glëtz awer nach deels ka berouegen. Tëscht 15 an 18 Auer leien d’Wäerter bei tëscht 0 a knapp iwwer 1 Grad – a wann dat eben eng Zäit laang esou ass, dann ass de Buedem och iergendwann net méi gefruer. En Iwwergang a Schnéireen, resp. normale Reen ass also méiglech. Un der äusserster Nordspëtzt, ongeféier vun Donkels, Wëlwerwolz, Houschter-Déckt un, ass et ëmmer nach gréisstendeels Schnéi.


Déi waarm Loftmassen “zéie sech zréck”, esoudass de Nidderschlag erëm a Schnéi iwwergeet | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Vun 19 Auer un zitt sech déi “waarm Nues” a Richtung Südosten zréck, déi kill Loftmasse kommen zréckgeschwappt. Fir den Owend a virun allem d’Nuecht geet de Gros vum Nidderschlag iwwerall erëm a Schnéi iwwer. D’Temperature falen erëm op 0 an drënner, wat heescht, dass déi entdeet Nätzt erëm fréiert. Doduerch kann et erëm gutt glat ginn – an de Schnéifall mécht et net grad besser. A Richtung fréien Donneschdemoie sollt et lues a lues méi dréche ginn.

D’Schnéiquantitéiten

Bei dësem Wiessel vun de Nidderschlags-Zorten ass et schwéier ze soen, wat am Endeffekt wierklech als Schnéi leie bleift. Mee et gëtt en Ënnerscheed tëscht dem, wat leie bleift an dem, wat fällt (well ebe net alles wat fällt och wierklech leie bleift).

An dësem Fall befaasse mir eis mat dem, wéi héich de Schnéi en Donneschdemoie fréi géint 5 Auer kéint leien. Et gi Berechnungen mat knapp iwwer 20 cm fir den äusserste Norden, et ginn der awer och mat däitlech manner – et kënnt eben op déi EXAKT Positioun vun der Loftmassegrenz un.

Huele mir de momentanen Duerchschnëtt, da komme mir fir d’Nordhallschent vum Land bei tëscht 7 a 16 cm eraus. Duerch spontan Entwécklunge kënne, wéi gesot, nach signifikant Ännerunge virkommen. Fir d’Südhallschent rechnen d’Modeller eng Moyenne vun 3 bis 6,4 cm.

D’Glëtz-Quantitéiten

Wichteg ze thematiséieren sinn och d’Quantitéiten, déi als Glëtz um Buedem festfréiere kënnen – an dës kéinten am Worst Case wierklech markant ausfalen. Aus de Berechnunge vum Kachelmannwetter-Modell Super-HD geet ervir, dass zumools an der Südhallschent (méiglecherweis besonnesch Südwesten a Südosten), lokal bis zu 20 l/m² als Glëtz/Äisreen erofkommen. Den EZ-4 Modell huet änlech Iddien, mee deels och fir de Norden.

Sollten dës Quantitéiten wierklech erofkommen, egal wou, dann hätt dat massiv Auswierkungen. D’Laascht duerch Äis wier esou grouss, dass Beem ëmfalen, Äscht ofbriechen an deemno wéi esouguer den een oder anere Stroummast kéint noloossen. Wéi gesot, dat ass just e Worst Case – mee onméiglech ass et net.

De nächsten ausféierlechen Update gëtt et am spéidere Nomëtten/fréien Owend