De Reen-Ausbléck: De Freide gëtt e richteg naassen Dag

De Freide kritt a Saache Reen säin eegenen Artikel: Eis steet en immens naassen Dag un. Wéi vill et soll reenen, kläre mir hei.

Advertisement

Den Dag schéngt an d’Waasser ze falen

Nodeems d’Modeller d’Woch nach e Sonnden als eng net all ze naass ageschat haten, huet et besonnesch elo an der zweeter Wochenhallschent awer gekippt. De Weekend iwwer gëtt et ëmmer erëm naass, den Ausbléck kënnt Dir Iech hei duerchliesen. De Freide gëtt awer wuel de naassten Dag vun der Woch.

Mir vergläichen e puer Modeller

  • ECMWF: 8 – 27 l/m²
  • GFS: 12 – 25 l/m²
  • SHD (Kachelmannwetter): 6 – 15 l/m²
  • ICON: 15 – 24 l/m²
  • ICON D2: 10 – 26 l/m²

Déi ausgesicht Modeller sinn also all méi oder manner am selwechte Beräich ënnerwee, bis op de Super-HD Modell vu Kachelmannwetter. Huele mir elo den Duerchschnëtt vun dëse Berechngungen, da kome mir bei tëscht 10,2 an 23,4 l/m² eraus. Dëst ass uerdentlech, mee mir beweegen eis ënnert de Warnschwellen. Et sief awer drop hinzeweisen, dass d’Gefor vun Aquaplaning besteet. Mat dobäi kënnt, dass och mol den een oder anere Bam kéint ëmfalen – verschiddener kënne nämlech duerch den opgeweechte Buedem hiren Halt verléieren.