
Nom ville Reen, deen dëse Mount bis ewell erofkomm ass, kucke mir eis un, wéi et an der neier Woch virugeet.
Advertisement
E Bléck an d’Zukunft
Am momentane Mount huet et Radar-Estimatioune no schonn knapp iwwer 200 l/m² bei eis gereent, méi genee am äusserste Süden. Mir schwätze vun engem Beräich, deen tëscht Leideleng a Fréiseng läit. Am Rescht vum Land leie mir gréisstendeels bei iwwer 100 l/m², bis op e puer eenzel Ausnamen. Et wäert also am Endeffekt e vill ze naasse Mount ginn.

An dësem Artikel befaasse mir eis awer e bësse méi mat der Zukunft. Wéi vill Reen soll dann elo nach an der leschter Wiederwoch vum meteorologesche Fréijoer erofkommen?
Mir vergläichen d’Modeller
- GFS: 15 – 34 l/m²
- ECMWF: 10 – 38 l/m²
- ECMWF AI: 25 – 35 l/m²
- Swiss-MRF (Kachelmannwetter): 25 – 60 l/m²
- GDAPS: 5 – 15 l/m²
Zéie mir aus den ausgesichte Modeller eng Moyenne, da komme mir an engem Beräich vun tëscht 16 a 36,4 l/m² eraus. Dat ass net näischt, mee däitlech ënnert dem, wat mir an der elo vergaangener Woch gesinn hunn.
Et sief awer gesot, dass an dës Berechnunge nach keng Nieweneffekter wéi z.B. lokal begrenzt Donnerwieder mat aberechent sinn. Dohier kann et trotzdeem mol zu kloren Differenzen kommen.