De Reen-Ausbléck: Grouss Quantitéiten am Alperaum, a wéi ass et fir Lëtzebuerg?

Bis nächst Woch e Mëttwoch kann et zwar och bei eis e bësse naass ginn, mee vill méi naass ass et awer südlech vun eisem Land. Do kann et zu Onwieder kommen.

Advertisement

Vu Spuenien iwwer Frankräich bis an d’Slowakei

Iwwert dem ëstleche Mëttelmierraum ass de Moment déi éischt Hëtztwell vun der Saison amgaangen. E sougenannten “Heat Dome” huet sech installéiert, ënnert dem d’Hëtzt wéi eng Koppel gestaut a punktuell och verstäerkt gëtt. Ronderëmt dësen Dome leien awer Déifdrockgebitter. Wéi gewosst dréckt jo en Deel vun dëser Wiermt och a Richtung Norden, also op Mëtteleuropa duer. Do gëtt se dann awer vu manner waarme bis esouguer kille Loftmasse gekontert, wat dozou féiert, dass sech an enger Sträif vu Spuenien aus iwwer Südfrankräich bis diagonal eriwwer an d’Slowakei e Rimm aus Déifdrockgebitter forméiert huet, also eng ganz Déifdrockzon. An dëser kënnt et bis e Mëttwoch inclus mol nach sécher zu plazeweis markante Nidderschléi.


Esou zitt sech de Rimm, an dem sech déi gréisst Nidderschlagszomme kënnen entlueden. De Fokus läit um Alperaum. D’Zon zitt sech bis an d’Slowakei an nach méi wäit an de Nordosten | Grafik: wxcharts.com

Virun allem vum Dënschden un soll de norditalieneschen Alperaum esouwéi awer och déi däitsch Säit dovun an de Fokus geroden, tëscht 60 an 150 l/m² Reen ginn aktuell berechent – eenzel Modeller wëllen och bis ëm 200 l/m² net ausschléissen. Fir d’Alpen selwer sinn dat Zommen, déi ze stämme sinn – anescht awer fir d’Ränner ronderëm, wéi am äusserste Süde vu Bayern. Deels wieren hei erëm Gebitter betraff, déi et viru kuerzem eréischt mat engem Joerhonnerthéichwaasser ze dinn haten. Well sech d’Modeller a Saachen Zomme fir dës spezifesch Géigende nach net ganz sécher sinn, soll ee mol nach ofwaarden – mee d’Info awer am Hannerkapp halen.

A wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Mir kucken eis elo mol e puer Modellrechnungen un an zéien dann en Duerchschnëtt. Uginn sinn d’Reequantitéite bis de Mëttwoch, 12.06.2024, inclus.

  • GFS: 3 – 9 l/m²
  • ECMWF: 2 – 10 l/m²
  • ECMWF AI: 2 – 7 l/m²
  • SwissMRF: 0 – 7 l/m²
  • ICON-EU: 1 – 3 l/m²
  • UKMO: 0 – 4 l/m²

Dëst mécht eng Moyenne vun 1,3 bis knapp 7 l/m² Reen, deen eis bis de Mëttwoch inclus soll erwaarden. Wäerter, déi definitiv auszehale sinn.

Aktuell gesäit et fir déi spéider zweet Wochenhallschent no méi verbreete Nidderschléi aus. Dëst hänkt awer och vill mat der Verlagerung vun de Loftmassen of, déi nach onkloer ass. Déi eng Modeller gesinn eng kuerzzäiteg Zoufuer vu summerleche Loftmassen, déi aner loossen et onverännert. Méi dozou d’nächst Woch.