Den allgemenge Verlaf vun der Woch hu mir eis jo schonn ugekuckt. Elo gëtt et Zäit, sech mat de Reenzommen ze befaassen. Gëtt et wierklech esou schlecht?
Advertisement
Schauerwieder, mee keen Dauerreen
Wéi am Wochenausbléck betount, hu mir et an dëser Woch mol nach zäitweis mat Schauerwieder ze dinn. Dotëscht kënnt et awer och ëmmer erëm zu sonnege Momenter, wat den Abrëllswieder-Charakter nach eng Kéier ënnersträicht.
Elo, wou mir wëssen, wéi d’Woch generell verleeft, fokusséiere mir eis mol op d’Reequantéiten. Wat soen d’Modeller bis Enn der Woch?
- GFS: 10 – 18 l/m²
- ECMWF: 7 – 16 l/m²
- ECMWF AIFS: 10 – 23 l/m²
- ICON: 5 – 10 l/m²
- SWISS-MRF: 2- 10 l/m²
Domat kéime mir bei engem Duerchschnëtt vun 6,8 bis 15,4 l/m² eraus, déi bis de Sonnden inclus a Form vu Reen, mee awer heiansdo zum Deel och Schnéireen, Schnéi oder Graupel kënnen erofkommen. Als Zousazinfo schéngt dann och de Weste vum Land am meeschten dovun ofzekréien.