De Reen-Ausbléck: Wéi naass gëtt et bis de Weekend mat? A wou am meeschten?

Bis elo huet et de Reen nach gutt mat eis gemengt, mee virun allem de Weekend soll awer net dréche verlafen. Mir kucken eis un, wat d’Modeller u Quantitéite fir déi nächst Zäit berechnen.

Advertisement

Héichdrockafloss hëlt of

Lues a lues geet den Héichdrockafloss zréck, deen de Moment fir dat éischter rouegt Wieder zu Lëtzebuerg suergt. Zumools fir de Weekend selwer, also Samsden a Sonnden, gëtt et erëm méi naass. Dass dat net onbedingt zu 100% a Form vu Reen soll geschéien, hate mir eis e Méinde schonn ugekuckt. Deemnächst kënnt awer och nach en Update dozou.


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Bis elo liese mir also eraus: Genéisst dat dréchent Wieder mol nach!

De Verlaf

Schonn muer de Mëtte passéiert eis eng ganz kleng Stéierung a Form vun enger schwaacher Kalfront, déi deemno wéi mol eng lokal Schauer kéint erauskiddelen. Meeschtens sollt et awer dréche bleiwen, iwwerdeems sech d’Sonn mol tëscht de Wolleke weise kënnt. E Freide selwer bleift et gréisstendeels nidderschlagsfräi, ier et dann iwwert de Samsden an och de Sonnde verdeelt zu Schauerwieder kënnt. De Wand wäert iwwerdeems och zouhuelen, wat dat Ganzt also nach en Tick méi ongemittlech mécht.

Wéi vill Nidderschlag kënnt erof?

Mir kucken eis elo e puer Modellrechnungen dozou un, wou a wéivill Reen bis e Sonnden inclus wäert erofkommen:

  • GFS: 10 – 17 l/m²
  • ECMWF: 7 – 12 l/m²
  • ICON-EU: 5 – 10 l/m²
  • ECMWF AIFS: 15 – 19 l/m²
  • SWISS MRF: 2 – 7 l/m²

Wa mir elo d’Moyenne dorauser zéien, da komme mir bei tëscht 7,8 an 13 l/m² eraus, déi bis de Sonnden inclus solle vum Himmel falen. Vun der Verdeelung hier weise sech keng all ze grouss Ënnerscheeder, tendenziell kann awer d’Nordspëtzt an och de Südoste vum Land eventuell méi Reen ofkréien wéi aner Deeler.