De Reen-Ausbléck: Wéi vill reent et bis an déi nächst Woch eran?

Nodeems mir en Dënschden e bësse méi Reen haten, war et haut e Stéck méi roueg. D’Fro ass elo, wéi vill Reen eis bis an déi nächst Woch eran usteet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Westwiederlag geet virun. Dat heescht, dass eis och an de nächsten Deeg an héchstwarscheinlech och déi ganz nächst Woch iwwer ëmmer erëm Reen aus Westen erreecht – dat mat Wand & Temperaturen, déi sech net wierklech um summerleche Niveau beweegen. D’Bild ass also kloer: Et geet immens variabel virun.


Iwwer Mëtteleuropa zéien op d’mannst bis e Mëttwoch ëmmer erëm Fronten mat Reen duerch | Animatioun: wxcharts.com

D’Meenung vun de Modeller

Mir kucken eis elo den Zäitraum bis Mëtt nächster Woch un. Den europäeschen esouwéi och den amerikanesche Modell gesinn schonn esou wäit, Lokalmodeller (mat méi héijer Opléisung) sinn bis dohin awer nach ausser Reechwäit, soudass mir fir déi en aneren Zäitraum aussichen.

Bis e Mëttwoch, 2. August 2023:

D’Modellkaarte ginn nawell zimmlech faarweg, wa mir esou wäit kucken. Fir Lëtzebuerg rechent den amerikanesche Modell GFS bis de Mëttwoch inclus mat Quantitéite vun tëscht 40 a 45 l/m². An eiser Groussregioun, also virun allem a Richtung Oste vun der Belsch, solle knapp iwwer 70 l/m² erofkommen. Un der direkter Grenz zu der Belsch gi bis 55 l/m² virgesinn.


D’Berechnunge vum GFS bis de Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell ECMWF ass och mat nennenswäertem Reen ënnerwee, mee dat haaptsächlech westlech a nërdlech vun eis. Fir Lëtzebuerg selwer ginn tëscht 30 a 45 l/m² berechent, also liicht manner wéi et am amerikanesche Modell ze gesinn ass. Tendenziell soll am äusserste Norden de meeschte Reen falen. Däitlech méi Reen kéint dann awer nërdlech vu Lëtzebuerg falen, dat mat punktuellen 100 l/m². Laanscht déi westlech Grenz zu der Belsch ginn bis 55 l/m² gerechent, wat guer net mol esou e groussen Ënnerscheed zu dem amerikanesche Modell ass.


D’Berechnunge vum ECMWF bis de Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Bis e Sonnden/Méinden, 30./31. Juli 2023:

Dann kommen mir zu de Lokalmodeller, déi nach net grad esou wäit kënne rechnen. De franséischen ARPEGE geet de Moment bis de Sonndenowend 19 Auer a gesäit tëscht 20 a 35 l/m² Reen op Lëtzebuerg duerkommen. Dat meescht gëtt erëm fir den äusserste Norden erwaart, mee och laanscht de Südosten/un der Musel wier e weideren Hotspot ze fannen.


D’Berechnunge vum ARPEGE bis de Sonndenowend | Grafik: wxcharts.com

Den anere Modell, den däitschen ICON rechent bis de Méindemëtten 14 Auer. Bis dohin sollen um äusserste nërdlechsten Zipfel vum Land bis zu 42 l/m² Reen falen, iwwerdeems de Gros vum Land tëscht 20 an 30 l/m² géif ofkréien. Am äussersten Oste vum Land wieren och knapp iwwer 30 l/m² méiglech.


D’Berechnunge vum ICON bis de Méindemëtten | Grafik: wxcharts.com

Fazit

Exakt Reenzommen virauszesoen ass generell net méiglech – op alle Fall hu mir an dësem Artikel awer e gewësse Range fir verschidden Zäitfënsteren erausfonnt. Bis e Mëttwoch sollt ee sech op tëscht 40 a 55 l/m² astellen (Ausräisser driwwer sinn awer och gutt méiglech). Wat d’Kuerzfrist ugeet kéint et schonn bis e Méinde punktuell fir 40 l/m² duergoen, iwwerdeems déi meescht Plaze vum Land bis dohin ëm 25 l/m² ze erwaarden hätten.