De Reen-Check: Wéi vill reent et bis de Mëttwoch mat?

D’Schauere bleiwen ëmmer nach en Thema. Elo freet sech erëm: wéi vill reent et? A wou gëtt et tendenziell am naassten?

Variabelt Wieder bréngt der Natur néidege Reen

Iwwerdeems et fir eis Mënsche net grad dat agréabelst Wieder ass, profitéiert d’Natur awer schéin vum Reen, dee mir duerch eng sëlleg Schaueren an de leschten Deeg kruten. Och an de nächsten Deeg wäert et mol nach no dësem Muster virugoen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat Reequantitéite vun tëscht 13 bis 26 l/m² dobäi, dat eben an enger Zäitspaan vun elo bis de Mëttwoch inclus. Dobäi soll am Südoste vum Land, laanscht d’Musel, de meeschte Reen erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 15 a 25 l/m² dobäi, gesäit also änlech vill Reen op eis duerkomme wéi de GFS. Och dësem Modell no soll déi naasst Géigend am Südoste vum Land ze fanne sinn. De franséischen ARPEGE ass mat t¨scht 23 an 32 l/m² dobäi – et ass deen vun den ausgesichte Modeller, deen am meeschte Reen berechent. Tëscht 23 am 32 l/m² solle falen, am naasste soll de Südosten erëm ginn mee awer och Deeler vum äusserste Westen. Den däitschen ICON hält sech erëm e bëssen zréck an ass mat tëscht 8 an 18 l/m² dobäi – “Schwéierpunkter” sinn erëm am äusserste Weste souwéi haaptsächlech am Südoste laanscht d’Musel ze fannen.

Alles an allem sinn, wann een den Duerchschnëtt vun de véier ausgesichte Modeller hëlt, tëscht 14,75 a 25,25 l/m² bis de Mëttwochowend spéit ze erwaarden – mat der Tendenz, dass dat meescht dovun am äusserste Südoste vum Land erofkënnt.