De Reen-Update: Elo nom Dauerreen, wat erwaart eis nach bis e Sonnden?

Mir hunn erëm immens naass Stonnen hannert eis, dat duerch e gréissert Reegebitt. Dëst ass awer elo duerch, mee wéi vill kënnt dann elo nach bis Enn der Woch erof?

Advertisement

Mir hunn eng naass Nuecht hannert eis

Dat ugekënnegt Reegebitt ass wéi “geplangt” vun der Belsch hier iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn, iwwerall ass et naass ginn. Tëscht dem Ukomme vum Reen gëschter am Nomëtten an dem Dënschdenowend 19 Auer ass et schonn u verschiddene Wiederstatioune fir 5 l/m² duergaangen. De gréissten Deel koum dunn awer an de Stonnen drop an huet sech bis elo an de fréie Mëttwochmoien era gezunn. Op ville Plaze ware nach eng Kéier 5 bis 8 l/m² dobäi, mir kommen also op eng gutt 10 bis 13 l/m² eraus. De meeschte Reen koum allerdéngs an der Nordspëtzt vum Land erof, do goufe nach eng Kéier tëscht 10 a 14 l/m² gemoss – op dëse Plaze komme mir also op tëscht 15 a 19 l/m². Domat leie mir also ënnert de Warnschwellen an och am virausgesote Beräich.

Südëstlech vu Lëtzebuerg, am Saarland, huet et mat bis ëm 25 l/m² nach e gutt Stéck méi gereent.

Wéi vill Reen ass dann elo nach ze erwaarden?

Bis Enn der Woch bleift et ëmmer nach zäitweis naass, mee et ginn och kuerz méi dréche Phasen. Eng dovun ass elo beispillsweis vun haut de Mëtten un bis och nach muer inclus ze erwaarden, ier et vu Westen hier erëm méi naass gëtt.


D’Berechnunge vum europäesche Wiedermodell bis Enn der Woch | Grafik: wxcharts.com

Bis de Sonnde mat rechnen d’Modeller allgemeng nach mat 10 bis 15 l/m², punktuell kënnen awer och nach Entwécklunge vu bis ëm 25 l/m² net ausgeschloss ginn. Mir kënnen also un dëser Plaz leider keen dréchene Verlaf vum Rescht vun der Woch ukënnegen, mee mir hunn an de leschte Wochen awer däitlech méi naass Phasen wéi dat erlieft.