Heiheem verleeft déi momentan Wiederwoch zimmlech roueg a frëndlech, just heiansdo ka mol e klenge Schéinheetsfeeler dobäi sinn. Vum Sonnden u gëtt et awer erëm méi onbestänneg.
Advertisement
Nach e bësse profitéieren
Ier eis am Laf vum Sonnden e Changement usteet, bleift et nach eng Zäit frëndlech zu Lëtzebuerg – op d’mannst mol gréisstendeels.
Den Dag vu muer, den Donneschden, gëtt en änleche wéi haut. Et ass sonneg, dobäi zéie just e puer Schleierwolleken duerch. Am Laf vum spéidere Nomëtten a fréien Owend besteet just eng kleng Warscheinlechkeet, dass et punktuell awer zu enger schwaacher Schauer komme kéint. Et betrëfft, wann iwwerhaapt, awer just déi mannst. E Freide geet et immens frëndlech un, am Laf vum Dag kommen e puer eenzel Wolleken dobäi. Och dës Kéier bleift et meeschtens dréchen, obwuel um spéideren Owend vu Frankräich hier eng minimal Schauerwarscheinlechkeet besteet.
E Samschde wiessele sech Sonn a Wolleken of, et ass ëmmer nach meeschtens dréchen. Déi éischt Hallschent vum Sonnden presentéiert sech änlech, ier et dann spéitstens vum Mëtten un méi wollekeg gëtt. Um spéidere Nomëtte sinn déi éischt Schaueren aus Frankräich méiglech, déi sech bis an d’Nuecht op e Méinde kënnen an eise Géigenden ophalen.
Vun den Temperaturen hier si mir dagsiwwer gréisstendeels bei tëscht 20 a 24 Grad ënnerwee. Well et d’nächst Woch ëmschléit, gëllt et also nach e bëssen dovun ze profitéieren.