De Schnéi-Ausbléck: Besteet geschwënn iwwerhaapt nach eng Chance?

Ofgesinn vun haut a muer, wou op de Koppe minimal eppes vu Wanter a Form vu Schnéi ze gesinn ass, ass et roueg ëmt d’Thema ginn. Wat soen d’Kaarte fir déi nächst Wochen?

De Schnéi war dëst Joer schonn e puer mol do an huet, wéi esou oft, virun allem d’Schnéifrënn op den héchste Koppe vum Land frou gemaach. Op Plazen, déi net grad op enger Kopp leie, war et bis ewell zimmlech schwiereg. Wéi gesäit et aus? Ass net zoufälleg eng Situatioun op de Kaarten ze erkennen, déi e Schnéi-Zenario bis déif rof an d’Däller zouloosse géif? An dësem Artikel kucke mir op de neiste Stand.

Amerikanesche Wiedermodell GFS

Wat den amerikanesche Wiedermodell GFS ugeet, ass den eenzegen Zäitpunkt, wou wéinstens e bëssen eppes u Schnéi gerechent gëtt, fir haut um Méinden an och muer um Dënschden de Fall – dat, wéi gesot, haaptsächlech op de Koppen an och dann net wierklech nennenswäert. Dëst ass awer net dat, no deem mir sichen. Mir brauchen eng bestänneg wanterlech Phas. An do hänkt et schonn… dem aktuelle Stand no kënnt et bis op mannst de 15. Februar zu gréissere Schwankunge wat d’Loftmassen ugeet, wat schonn mol e schlecht Zeechen ass. Ofgesi vun haut a muer, wier et um Freiden fir d’nächst an der Héicht kal genuch, dass do mol déi eng oder aner Flack optriede kéint. D’Saach ass awer déi, dass mir genee dann méi ënner Héichdrockafloss stoe sollen, a soumat d’Chancen op Nidderschléi zimmlech minimal wieren. Fazit: dat gëtt wuel näischt. Fir den 8. Februar soll sech dann erëm e Schwall u méi waarme Loftmassen opbauen, wat den absolute Wanterwieder-Killer wier. De nächste Knéck no ënne wier dann den 10. Februar ze erwaarden, mee och do leie mir ënner Héichdrockafloss & d’Loftmasse wieren esouguer net kal genuch. Wat dëse Wiedermodell also ugeet, stinn d’Chancen bis op mannst de 15. Februar immens schlecht.


D’Grousswiederlag bis bal Mëtt Februar (GFS) | Animatioun: wxcharts.com

Europäesche Modell ECMWF

De nächsten an zweete Modell, dee mir ënner d’Lupp huele kënnen, ass den europäeschen ECMWF. Och wann dëse net esou wäit an d’Zukunft kucke ka wéi de GFS, ass et awer e Bléck wäert.

An och dëse rechent, mat wéineg Iwwerraschung, dass d’Chancen elo direkt haut um Méinden an och muer um Dënschden am beschte wieren. Dovun ofgesinn, an dat interesséiert eis méi, soll et bis Enn der Woch generell nëmmen zu geréngfügege Nidderschléi kommen. Iwwerdeems leien d’Temperaturen och dësem Modell no ze héich, fir dass aus dëse gerénge Nidderschléi eng Schnéicouche zustane komme kann. Wa mir op déi nächst Woch kucken, da leie mir zwar viraussiichtlech wuel op der Grenz tëscht héijem an déiwem Loftdrock, mee ausser Wand an e bësse Reen sinn och dem europäeschen ECMWF keng fir Wanterfrënn interessant Situatiounen a Siicht.


D’Grousswiederlag bis den 10. Februar 2022 (ECMWF) | Animatioun: wxcharts.com

Fazit

Den allgemenge Fazit ass also deen, dass d’Wiedergeschéie nach bis op mannst bis an d’Hallschent vum Februar vill ze variabel wäert sinn an eis wuel keng bestänneg wanterlech Wiederlag brénge kann. Iwwerdeems wäert et ëmmer erëm zu leftegen (deemno wéi esouguer stiermeschen) Entwécklunge kommen, wou et zäitweis och e bësse reent. De Schnéi huet et also weiderhi schwéier – an dat net nëmmen am Guttland/Süden, mee och am héije Norden.