De Schnéi-Fuerplang: Esou verleeft de Méinden am Détail

Déi neist Wiedermodeller kommen esou lues eran, Zäit fir sech en definitiven Iwwerbléck iwwert de Méinden ze verschafen.

D’Situatioun

Muer um Méinden zitt e Schnéidéif iwwert eis ewech, säi Kär passéiert eis nërdlech. Vum fréie Moien un bis an de fréie Mëtten eran leie mir nach ënnert zimmlech kille Loftmassen, ier dann däitlech méi waarm Loftmassen an eis Géigende gezu ginn. Doduerch gëtt et wärend enger gudder Zäit erëm manner wanterlech, wat dann awer och erëm net esou bleift. Vum spéideren Owend un gerode mir op d’Récksäit vum Déifdrockgebitt, wouduerch eis Temperature séier zréckginn. Well et dann awer iwwerall naass ass, kann et sinn, dass et séier ka glat ginn.

Den Oflaf

An Tëschenzäit schwätzen d’Modeller méi oder manner déi selwecht Sprooch. Et ass ze erwaarden, dass géint 6 Auer esou lues déi éischt Nidderschléi de Weste vum Land erreechen. Dës breede sech dann am Laf vun de Stonnen iwwert dem ganze Land aus, iwwerdeems d’Temperaturen tëscht gréisstendeels -1 an 1 Grad leien. Dat heescht, dass et och bis méi wäit erof ka schneien – besonnesch wa mol eng méi kräfteg Schauer duerchzitt. De wanterleche Charakter gëtt bis géint 12 Auer bäigehalen, ier et dann, wéi gesot, däitlech méi waarm gëtt.


De Nidderschlags-Verlaf laut ICON-EU Modell | Animatioun: wxcharts.com

Am Nomëtte klammen d’Temperaturen an der Nordhallschent op tëscht 1 an 3 Grad, op den allerhéchste Koppen op iwwer 450/500 Meter ass nach Schnéi drënner. Op allen anere Plazen dominéiert awer ëmmer méi de Reen/Schnéireen, an och de gefalene Schnéi sollt immens séier verschwannen. D’Temperature gi nämlech am ganze Rescht vum Land op tëscht 2 a 4 Grad erop, géint 23 Auer kéinten landeswäit esouguer tëscht 4 a 6 Grad erreecht ginn.


Den Temperaturverlaf bis an de fréien Dënschdemoien eran | Animatioun: wxcharts.com

Vu kuerz viru Mëtternuecht un ginn d’Temperature vum Norden a Richtung Süden erëm immens séier an de Keller. Bis den Dënschdemoien 9 Auer gëtt e Minimum vun tëscht -1 an 1 Grad erreecht, wat heescht, dass et duerch déi naass Biedem séier kann zu glate Stroosse kommen. Et heescht dann also onbedingt am Verkéier opzepassen, méi wéi souwisou schonn.

D’Schnéihéichten

Hei déi berechent maximal Schnéihéichten, déi muer kënnen optrieden, ier déi waarm Phas kënnt.

Nordhallschent

  • GFS: 2 – 7 cm
  • ECMWF: 2 – 6 cm
  • ICON-EU: 1 – 4 cm
  • ARPEGE: 8 – 14 cm

Moyenne: 3,25 – 7,75 cm

Südhallschent

  • GFS: 1 – 2 cm
  • ECMWF: 2 – 3 cm
  • ICON-EU: 0 – 2 cm
  • ARPEGE: 2 – 5 cm

Moyenne: 1,25 – 3 cm

De Fazit

Virun allem déi éischt Hallschent vum Dag fällt wanterlech aus, ier et dann vum fréie Nomëtten un däitlech méi waarm gëtt. Ier et esouwäit ass, kënne kuerzzäiteg tëscht 1 an 3 cm am Süden optrieden an op de Koppe wieren 3 bis bal 8 cm net ausgeschloss. Am Laf vum Nomëtte verschwënnt erëm villes dovun, mee d’Nätzt wäert an der Nuecht op den Dënschden erëm fréieren. D’Gefor vu richteg glate Stroosse klëmmt.

Livestream vum 26.11.2023