De séieren Ausbléck: Temperature klammen op tëscht 30 a 35 Grad

Et wäerten déi bis ewell wäermst Deeg vun dësem Summer ginn.

Loftmassen aus dem déiwe Südeuropa

Nach bréngt eis haaptsächlech ee gréissert Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa déi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg. Am Laf vun der neier Woch forméiert sech iwwer Frankräich erëm eng Tiefdruckrinne, duerch déi d’Zoufuer vun de méi waarme Loftmasse verstäerkt gëtt. Dëst féiert dozou, dass et nach e Krack méi waarm zu Lëtzebuerg gëtt – d’Temperature klammen an den héichsummerleche Beräich.


De Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Well dat heiten e Schnell-Ausbléck ass, komme mir direkt op d’Zuelen ze schwätzen. Dem aktuelle Stand no klammen eis Temperature muer um Méinden op tëscht 26 an 30 Grad, um Dënschde wiere mir mat 26 bis 31 Grad dobäi. Um Mëttwoch géif dann déi Saach mat der Tiefdruckrinne an d’Spill kommen, wat sech un den Temperature bemierkbar mécht: 30 bis 34 Grad stinn un, lokal kéint esouguer och mol eng 35 Grad net ausgeschloss ginn. Dat selwecht gëlt fir den Donneschden, dat mat 29 bis 34 Grad. Um Freide wiere mir viraussiichtlech bei 24 bis 29 Grad, Samsden bei 23 bis 27 Grad an de Sonnde bei 22 bis 26 Grad.

Wéi ass et mat Donnerwieder? De momentane Modellrechnunge besteet virun allem um Freiden de Risk vun enger Donnerwiederlag, déi potenziell méi kräfteg ausfale kéint. Fir Détailer ass et awer nach vill ze fréi.

Niewebäi sief erwäänt, dass d’Gefor vu Bësch- a Flächebränn däitlech zouhuele wäert. Geheit also näischt an d’Natur, wat e Brand ausléise kann.