De Sonndes-Update: Wéi gesäit et aus a Saache Stuerm?

Well eis d'nächst Woch eng zimmlech interessant Wiederlag usteet, hale mir déi eenzel Phänomeener, déi och fir eis méi relevant kënne ginn, genee am Aen. Hei ass de neiste Stand a Saache Stuermrisiko.

Advertisement

Advertisement

Jetstream leet sech genee iwwert eis

Och bei dësem Update eng Kéier eng kleng Kuerzfaassung, ëm wéi eng Wiederlag et sech d’nächst Woch handelt a wéi dës zustane kënnt: E gréisseren Déifdrockkomplex läit iwwert dem nërdlechen Atlantik an zitt sech bis an de skandinavesche Raum. Zur selwechter Zäit läit iwwert dem ëstlechen Atlantik e kräftegt Héichdrockgebitt, fir dat e Kärdrock vun tëscht 1045 an 1050 hPa berechent gëtt. Heescht: Dotëscht kënnt et zu immens grousse Géigesätz, déi a grousser Héicht vum Jetstream probéiert ginn, ausgeglach ze ginn. De Wandstroum, deen an 8 bis 12 Kilometer Héicht läit, kann dobäi duerchaus mol Vitessen vun iwwer 300 km/h erreechen. Mee keng Angscht: Dës Vitessen kréie mir net um Buedem ze spieren.


Déi viraussiichtlech Positioun vum Jetstream fir den 22. Dezember 2023 | Grafik: wxcharts.com

Wat awer geschitt ass, dass sech duerch dëse kräftegen Jetstream eng sougenannt Déifdrockstrooss forméiert, duerch déi sech ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter an eis Géigende beweegen. Doriwwer eraus ass et bei dëse Wiederlagen typesch, dass sech och immens kuerzfristeg kënne Stuermdéifer forméieren. E puer vun dëse Stuermdéifer ginn elo schonn zanter e puer Deeg an de Modellkaarte berechent, a mir kucken eis elo de neiste Stand zu dësen un.

D’Meenunge vun de verschiddene Modeller

Fänke mir mam amerikanesche Wiedermodell un, deen schonn en Dënschdenowend eng kuerz méi lefteg bis hin zu liicht stiermesch Phas op eis duerkomme gesäit. Grouss markant soll dës awer net ausfalen – et ass eréischt am Laf vum Donneschden, wou et dësem Modell no ëmmer méi stiermesch soll ginn.


De viraussiichtlechen Zenario laut amerikaneschem Modell fir d’Nuecht op de Freiden | Grafik: wxcharts.com

De Moment gi fir d’Nuecht op de Freiden knapp iwwer 70 km/h berechent. De ganze Freiden iwwer soll et änlech lëfteg bleiwen, ier et e Samsden och plazeweis fir bal 80 km/h kéint duergoen. E Sonnde wiere mir erëm bei ëm 70 km/h ënnerwee.

Komme mir bei den europäesche Modell, deen och schonn an der Nuecht op e Mëttwoch e méi lëftege Wand gesäit – d’Vitesse ginn awer nach méi niddereg berechent wéi vum amerikanesche GFS. Relevant gëtt et am Laf vum Donneschden, dat mat Vitesse vun ëm 70 km/h.


De viraussiichtlechen Zenario laut europäeschem Modell fir d’Nuecht op de Freiden | Grafik: wxcharts.com

Fir d’Nuecht op e Freiden an och um fréie Freidemoie gesäit de momentane Modell-Laf schwéier Stuermstéiss vu bis zu 105 km/h op eis duerkommen. Och de Rescht vum Dag wieren ëmmer erëm Vitesse bis 80 km/h méiglech. E Samsde wiere nach Spëtzte vun tëscht 50 a 65 km/h dobäi, ier et dann vum Sonnden un erëm däitlech manner lëfteg gëtt.

Den däitsche Modell ICON-EU gesäit nach net grad esou wäit, huet a Richtung Freiden besonnesch fir de Norde vum Land awer e puer stiermesch Wandstéiss vun iwwer 70 km/h op der Kaart stoen.

De Fazit bis ewell

Mir mierken also, dass no all den Deeg ëmmer nach stiermesch Zenarien an de Modellkaarte virzefanne sinn, wouduerch een et och onbedingt muss am Aen halen. Mat Chance kréie mir, ausser enger klenger Lëftchen, net all ze vill of. Sollt sech awer eng Léisung wéi z.B déi vum europäesche Modell duerchsetzen, da wier schonn uerdentlech Kaméidi dohannert. Vun e Méinden u géif de Wand erëm tendenziell manner relevant ginn.

Bleift gespaant op déi nächst Updates.