De Stuerm kënnt: Opgepasst muer de Moien am Beruffsverkéier!

D’Owendmodeller trudelen esoulues eran a rechne vu Mëtternuecht u mat schwéiere Stuermstéiss. Besonnesch muer um fréien Donneschdemoie kann et doduerch zu Problemer am Verkéier kommen.

D’Randdéif, wat eis vu Mëtternuecht u mat Stuerm erreche wäert, ass de Moment nach a senger Entwécklungsphas a befënnt sech knapp südlech vun de britteschen Inselen. Et wäert an de nächste Stonnen iwwert den Ärmelkanal säi Wee a Richtung Belsch, Holland a Norddäitschland fannen. Well et d’Stuermfeld südlech vum Kär mat sech dréit, kréie mir hei zu Lëtzebuerg de Gros dovun of.

Et wäert an de nächste Stonne weiderhi no a no méi lefteg ginn, ier vu Mëtternuecht u mat Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 75 a 95 km/h ze rechnen ass. Dat geet schonn duer, dass Beem an och gréisser Äscht an d’Stroosse fale kënnen an och aner Géigestänn vum Balkon geblose ginn. Vu ronderëm 2 Auer un bis moies 7 Auer klëmmt de Risiko vu kräftege Schaueren an och mol Donnerwieder, déi awer just lokal optriede wäerten. Do wou se optriede kënne se duerchaus awer och schwéier Stuermstéiss bis hin zu 105 km/h ausléisen oder och mol driwwer. De Grond dofir ass de Wand, deen ënnert de genannten Ëmstänn aus méi héije Loftschichten op de Buedem erofgemëscht ka ginn (vertikalen Impulstransport).


Wéi d’Stuermfeld an de nächste Stonnen iwwert eis ewechzitt | Animatioun: wxcharts.com

Sollten dës kräfteg Schaueren an Donnerwieder optrieden, ass et also net ganz ausgeschloss, dass och gréissere Schued kann entstoen. Wéi gesoot, et handelt sech heibäi awer éischter ëmt eng Ausnam! Vum spéideren Donneschdevirmëtten u wäert de Wand net méi warnrelevant sinn.