De Summer kënnt nachengkéier zréck

D’lescht Woch gouf driwwer diskutéiert, elo huet et sech confirméiert: De Summer kënnt rem zréck op Lëtzebuerg!

De Summer kann et net lossen

Bei de Berechnunge vu virun e puer Deeg a Wochen hätt ee baal geduecht, den Hierscht géif scho lues a lues kommen. De meteorologëschen Hierscht ass zwar amgaangen, mee d’Wieder hält sech demnächst einfach net drun. De Summer well net sou richtëg lasslossen.

Um Méinde wiessle sech Sonn a Wollécken of, reene wärt et dobäi net. Mat 21 bis 26 Grad ass plaatzeweis mat summerlëchen Temperaturen ze rechnen, de Wand ass just zäitweis e besse méi spierbar ënnerwee. Den Dënschden an de Mëttwoch ka sech d’Sonn rem besser weise kommen. Et si manner Wollécken ënnerwee, reene wärt et souwisou net. Den Dënschde gëtt et 22 bis 26 Grad waarem, de Mëttwoch ka mat 25 bis 30 Grad de wärmsten Dag vun der Woch ginn. Am Laaf vum spéidere Nomëtten an Owend zéie méi Wollécken an d’Land eran, waat een Hinweis op eng liicht usteigend Wahrscheinlechkeet vu lokale Schaueren oder Donnerwiedere kéint sinn.

An den Deeg drop, also bis Enn der Woch, sinn am grousse ganze méi Wollécken am Land ënnerwee. Wann et reent, dann awer nëmme lokal.

GEFS Ensemble vir Lëtzebuerg (meteociel.fr)

Kaum Nidderschléi bis de Freiden

Wéi scho betount, wärt et dës Woch net all ze vill reenen. Wann eppes eroofkënnt, dann a Form vu lokale Schaueren, eventuell sinn och eenzel Donnerwiedere net auszeschléissen. Duerch daat lokalt Optriede wärt et also op de mannste Plaatze naass ginn. Hei ënnendrënner sinn dräi Wiedermodeller mat hiere Berechnunge zu de Nidderschlagsquantitéiten, déi bis de Freiden zesummekomme kënnen. Benotzt goufen den amerikanësche GFS, den däitschen ICON an de franséischen ARPEGE.

Akkumuléierte Reen GFS (wxcharts.eu)

Akkumuléierte Reen ICON (wxcharts.eu)

Akkumuléierte Reen ARPEGE (wxcharts.eu)