De Wand-Ausbléck: Weiderhi Risk vu stiermeschen Entwécklungen duerch Randdéifer

Dës Woch rauscht also een Déifdrockgebitt nom aneren duerch. Nodeems eis schonn d’lescht Woch de Wand zäitweis méi stramm ëmt d’Ouere geblosen hat, besteet och an dëser Woch d’Warscheinlechkeet vu leftegen a fläit och mol stiermeschen Entwécklungen.

Hannergrond-Kaart: wxcharts.com

Advertisement

Randdéifer spille grouss Roll

Wéi am Wochenausbléck betount, gëtt eist Wieder dës Woch vun engem gréisseren Déifdrocksystem beaflosst, wat mat sengem Kär iwwert de britteschen Inselen läit. Um Rand vun dësem groussen Déif forméiere sech ëmmer erëm Randdéifer (dohier de Numm), déi ronderëmt d’Haapt-Déif geschleidert ginn. Och Lëtzebuerg läit am Aflossberäich dovun.

Am Laf vun dëser neier Wiederwoch maache se sech ëmmer erëm bemierkbar. D’Schaueren, déi eis muer besonnesch an der éischter Dageshallschent ustinn, stame beispillsweis vun esou engem Déif. E weidert Randdéif wäert an der Nuecht op de Mëttwoch a Richtung BeNeLux gezu kommen a läit de Mëttwochmëtten géint 12 Auer knapp westlech vu Lëtzebuerg. Punktuell ass kräftege Reen dobäi, mee och de Wand kann eng gréisser Roll spillen. Deemno wéi no d’Randdéif un eis laanschtschrammt, si Spëtzte bis ëm 75 km/h duerchaus méiglech. Zitt et awer e bësse méi wäit vun eis laanscht, an do ginn schonn +/- 150 km Loftlinn duer, da gëtt de Wand manner staark. A genee dofir si Randdéifer bekannt: Opgrond vun hirer Gréisst an Zuchvitesse geet ganz oft just schonn eng minimal Ännerung vum Parcours duer, fir dass immens grouss Ënnerscheeder optrieden.


Déi viraussiichtlech Wandfelder bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

E weidere Moment mat méi kräftegem Wand kann den Donneschdevirmëtte ginn, wou eis eng Front passéiert. Zesumme mat e bësse Reen si Spëtzte bis 60 km/h méiglech. Um Freiden gerode mir viraussiichtlech méi ënnert den Afloss vum Haaptdéifdrockgebitt, wat iwwert de britteschen Inselen läit. Dem europäesche Modell no gëtt eis e Wandfeld zougeschéckt, wat eis e bësse méi verbreet Vitessen vun tëscht 50 a 70 km/h ka bréngen. E Samsden hätte mir et mat änleche Konditiounen ze dinn.

Interessante Sonnde méiglech

Et ass zwar nach laang bis dohin, dohier nach mat immens grousser Virsiicht genéissen: Dem amerikanesche Modell no kéint eis de Sonnden den éischten Hierschtstuerm vun der Saison ustoen, dat duerch e Randdéif wat vum Atlantik hier iwwert den Ärmelkanal a Richtung Dänemark rauscht. Sollt dat wierklech esou geschéien, da wieren heiheem Wandspëtzte vun tëscht 80 an 100 km/h ze erwaarden.


Déi momentan Berechnung vum amerikanesche Modell fir de Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell huet d’Stuermdéif och schonn a senger Berechnung, gesäit de Gros awer e Stéck méi wäit westlech laanschtzéien, wouduerch d’Wandvitessen heiheem däitlech manner héich géifen ausfalen.