De Wanterabroch-Fuerplang: Koppe bis ëm 20 cm Neischnéi méiglech & Stuerm

Déi nächst 24 bis 48 Stonne verspriechen interessant ze ginn. Besonnesch op de Koppe kann eng gréisser Schnéicouche zesummekommen.

A manner wéi 24 Stonne geet et lass: eng Okklusiounsfront trëfft an der nächster Nuecht op Lëtzebuerg, déi eis e richtege Wanterabroch brénge wäert. Mat dobäi: e stramme bis stiermesche Wand, deen duerch Schnéiwicken fir geféierlech Stroosseverhältnisser suerge kann.

De Fuerplang:

Allgemenge Wiederzoustand:

Den aktuelle Modellrechnunge no areecht eis déi besot Okklusiounsfront (Mëschfront) um fréie Sonndemoien géint 06/08 Auer. D’Temperature leien zu dësem Zäitpunkt am ganze Land tëscht viraussiichtlechen -1 bis 1 Grad. De Nidderschlag, dee bei eis ukënnt, wäert also direkt emol als Schnéireen an och Schnéi falen. Besonnesch op de Koppen, déi op iwwer 400 Meter leie, kann dat direkt Schnéi sinn deen och leie bleift. Op Plazen, déi méi niddreg leie, kann et sinn, dass et e bësse méi laang dauere, bis et unzockert. Am Laf vum Virmëtte verstäerke sech d’Nidderschléi, besonnesch op den héchste Koppen ass dann mat méissegem bis intensivem Schnéifall ze rechnen. Do kënnen direkt e puer Zentimeter a kierzter Zäit zesummekommen. Eis Temperature leien zu dësem Zäitpunkt an der Nordhallschent tëscht -1 an 0 Grad, lokal och knapp 1 Grad. Besonnesch am Raum Ettelbréck kënnen d’Wäerter bei 2 Grad leie, wouduerch et do mat enger Couche e bësse méi schwéier gëtt wéi op de Koppen. Schneie wäert et awert trotzdeem. Méi mëll ass et dann och laanscht de südleche Westen. Iwwer Mëtten an och am fréie Nomëtte klammen d’Temperaturen duerch den opfrëschende Wand un. Dësen Temperaturustieg wäert sech awer viraussiichtlech net gréisser op d’Koppe vum Land auswierken, mee dréckt op den anere Plaze vum Land d’Schnéifallgrenz erëm an d’Luucht. Se soll bei ëm 300 Meter leien, spéiderhin och kuerz erëm bei 400 Meter. Drënner kéint et also kuerz erëm nëmmen zu Schnéireen kommen, op de mëllste Plazen (Fokus: Musel an och den äusserste Südwesten) kéint och erëm méi Reen dobäi sinn. Um Owend an an der Nuecht gëtt et erëm bësse méi kill, d’Schnéifallgrenz fält erëm. Op de niddrëge Plaze kann et erëm schneien, dass och eventuell erëm bëssen eppes leie bleiwe kann. Op de Koppen huet et bis un den elo grad genannten Zäitpunkt meeschtens duerchgeschneit, dat och mol méi intensiv.


Esou zitt d’Front iwwer Lëtzebuerg ewech | Animatioun: wxcharts.com

Déi berechent Schnéihéichten:

Fir de Norden ass et mëttlerweil schonn méi kloer, mat wat fir enge Schnéihéichte mir et ze di kréien. Hei awer nach fir d’éischt, ier mir op de Fazit zu der Couche kommen, e puer Modeller opgelëscht (Schnéicouche bis de Méindemoie, 28. Dez. 06 Auer):

Nordhallschent & Koppen:

  • GFS: 1 bis 3 cm
  • ECMWF: 5 bis 20 cm
  • ICON: 5 bis 12 cm
  • ARPEGE: 10 bis 32 cm

Moyenne: 5,25 bis 16,75 cm

Südhallschent:

  • GFS: 0,5 bis 3 cm
  • ECMWF: 0,5 bis 4 cm
  • ICON: 0 bis 3 cm
  • ARPEGE: 2 bis 7 cm

Moyenne: 0,75 bis 4,25 cm

Mat dobäi kommen d’Faktore Wand & geografesch souwéi och orografesch Konditiounen. Op ville Koppe sollte mir Quantitéite vun op mannst 15 Zentimeter kënne beobachten, mee zesumme mat e puer anere Faktoren kann et op e puer enk begrenzten Héchstpunkte vum Land och fir 20 cm an driwwer duergoen. Dës Héichten trieden awer net iwwerall an der Nordhallschent op. Dowéinst den Duerchschnëttswäert hei uewendriwwer: realistesch gesi lande mir ganz warscheinlech tëscht 5,25 a 16,75 cm.

An der Südhallschent vum Land ass et och erëm ganz staark vun de jeeweilege lokale Standpunkter of. Et kann een dowéinst just Géigenden ausmaache, wéi z.B d’Musel, den äusserste Südwesten etc. – also Géigenden, déi erausstiechen. An der Moyenne gekuckt sollte mir ueschter d’Südhallschent verdeelt bei tëscht 0,75 a 4,25 cm ukommen. Besonnesch déi Géigenden, déi op iwwer 300/350 Meter leie, komme méi no un déi 4,25 cm wéi elo z.B d’Muselgéigend.

De Wand: Modeller rechnen ëmmer nach mat Stuermstéiss

Eng méi geféierlech Roll spillt weiderhin de Wand. Dëse kéint spéitstens am Laf vum Virmëtten an d’Spill a suergt besonnesch op de Koppe vum Land fir deels geféierlech Feurkonditiounen duerch Schnéiwicken. Och soss wäerten d’Fuerkonditiounen duerch déi ageschränkt Siicht net déi bescht sinn. Tëscht dem fréie Virmëtten an dem spéidere Nomëtte sinn am ganze Land stramm bis stiermesch Wandstéiss vun tëscht 50 a 70 km/h ze erwaarden, besonnesch an exponéierte Lagen wéi och op de Koppe vum Land kënne Vitesse vu bis zu 80 km/h optrieden, deemno wéi esouguer bis 90 km/h. An der Nuecht op de Méinde leet sech de Wand erëm.

Och an den Deeg drop bleift de Wanter bei eis – et wäert also och duerno nach e bësse Schnéi nokommen. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!

/

D’Wandspëtzten dem europäeschen ECMWF Modell no fir de Sonnden | Grafik: wxcharts.com