De Wanterwieder-Check: Wou si mir drun?

Wéi versprach kucke mir elo a reegelméissegen Ofstänn op d’Wiedermodellkaarten a kucken, wou de Wanter stécht an ob en eventuell eng Chance huet, sech bei eis breetzemaachen.

De Moien war dës grouss Fro erëm een vun den Themen um Radio 100,7.

Et ass jo elo schonn erëm eng Woch vergaang, wéi hu sech d’Kaarten a Punkto “éischt Wanter-Zenarien” verännert?

Dat dass definitiv eng gutt Fro, déi elo souwisou ëmmer méi oft gestallt gëtt. Wéi de leschten Dënschde schonn betount gehat, geeschteren schonns e puer där wanterlech Zenarien an de Modellkaarten ronderëm. Viru gutt enger Woch haat den amerikanesche Wiedermodell GFS domat gerechent, dass et eventuell schonns iwwermuer, also den Donneschden, zu der Warscheinlechkeet vun éischte Flacke kéim. Wat soen déi neist Simulatiounen? Naja, dat war e Saz mat X – wat awer net heescht, dass den Zenario gänzlech verschwonnen ass. De neiste Stand vun de Modellrechnunge vum amerikanesche GFS besoen elo, dass d’Warscheinlechkeet a Richtung iwwernächste Weekend erëm soll an d’Luucht goen. Den europäeschen ECMWF gesäit dëst dës Kéier zimmlech änlech, wat also heescht, dass et op alle Fall dowäert ass, dës Kaarte net aus den Aen ze verléiere, wann ee sehnsüchteg nom éischte Schnéi vun der Saison sicht.

Mee, wa mir mol éierlech sinn… wéi warscheinlech ass et wierklech? Soe mir et mol esou: de Schnéi ass souwisou immens schwéier virauszesoen, zumools den éischten. Wou eng normal Wiederprognos bis zu 5 Deeg am Viraus hautzedags meeschtens keng Hexerei méi ass, ass eng Schnéiprognos oder eng Warscheinlechkeetsprognos fir Schnéi fir dësen Zäitraum trotzdeem méi Spekulatioun wéi soss eppes. Wa sech d’Kaarte sou hale géife wéi de Moment, dann kéint ee wuel dovun ausgoen, dass et iergendwann Enn November op den héchste Plaze kéint zu Flacke kommen – mee ech denken, dass d’Kaarte nach e puer Mol zimmlech duercherneegewirbelt wäerte ginn. Mäi Fazit zur Saach also: den éischte Schnéi kënnt ganz warscheinlech net no enger 5 deegeger Prognos, dass et dozou komme kéint – mee éischter zimmlech iwwerraschend & enger Vir-Informatiounszäit vu grad emol 3 Deeg, héchstens.


D’Wiedermodeller sprange fir Enn November/Ufank Dezember staark hin an hier, esou och den amerikanesche GFS | Animatioun: wxcharts.com

Fir dëst nach eng Kéier ze ënnersträichen: den amerikanesche Wiedermodell GFS ass de Moment esou volatil ënnerwee, dass en no engem Kalloftabroch de 29. November direkt mat enger südwestlecher Düs mat waarme Loftmasse rechent. Dës Wiederlag, ausgeléist vu grousser Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik, géif eis de komplette Géigendeel vu Wanter bréngen. Mir mussen eis also weider gedëllege, bis et wierklech kloer Unzeeche gëtt – a bis dohinner, losse mir de Wiedermodeller Zäit, sech anzependlen.