De Wanterwieder-Update: Chancen op e Comeback an éischter Januar-Hallschent

Vu Schnéi a Wanter mierke mir a leschter Zäit net wierklech vill… huet en eis vergiess? Nach net esou ganz! Elo ginn et Signaler op e méigleche Comeback an der éischter Januar-Hallschent!

Advertisement

Advertisement

Déi momentan Situatioun a wat geschéie muss

Déi momentan Wiederlag ass keng wierklech wanterlech, well mir ënnert enger westlecher Stréimung leien. Am momentane Fall zitt sech vu Portugal a Spuenien hier héije Loftdrock iwwert de Mëttelmierraum bis bal un d’Schwaarzt Mier. Nërdlech dovun tummele sech eng ganz Partie Déifdrockgebitter, déi zu engem gréisseren Déifdrockkomplex gehéieren. Dësen Déifdrockafloss kréie mir elo schonn eng gutt Zäit heiheem ze spieren an et wäert fir déi nächst Deeg och mol nach esou virugoen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis de 4. Januar 2024 | Animatioun: wxcharts.com

Mee wat muss geschéien, fir dass sech eppes ännert? Fest steet: Fir eng nohalteg wanterlech Wiederlag musse mir onbedingt déi westlech Stréimung lassginn. Westlech Stréimunge sinn an de rarste Fäll wanterlech a kënne nëmmen heiansdo op der Récksäit vun engem Déifdrockgebitt mat Chance wärend e puer Stonne méi wanterlech Loftmasse bréngen, an dann war et dat! Mir missten also iergendwéi kucken, den Atlantik, also de Westen, blockéiert ze kréien – déi perfekt Léisung dofir wier en Héichdrockgebitt virun den Diere vun Europa.

“Hoffnung” op méi wanterlecht Wieder vum 7. Januar un

An den éischte Januar-Deeg deet sech mol nach net vill un der aktueller Wiederlag, mee fir duerno ginn et e puer interessant Iddien. Den amerikanesche Modell deit un, dass sech iergendwann tëscht dem 6. an dem 8. Januar 2024 en Héichdrockgebitt iwwert de fir eis relevanten Ostatlantik leet, also genee wéi virdrun am Beispill beschwat. Duerch dëst Héichdrockgebitt hätte mir et wuel och eng kuerz Zäit mat méi rouegem Wieder ze dinn ouni wierklech nennenswäert Nidderschléi – a wa sech de Niwwel opgeléist kritt, wier och mol d’Sonn dobäi. Dëst awer just esou laang, bis een Déifdrockgebitt an d’Spill kënnt.


Déi momentan simuléiert Grousswiederlag fir den 8. Januar 2024 | Grafik: wxcharts.com

An esou engem Fall géif eist Héich net verdrängt ginn, mee d’Déifdrockgebitt aus dem Norden géif einfach ëstlech dovu laanschtflutschen. Fir den 8. Januar gëtt de Moment berechent, dass genee esou een Déifdrockgebitt vum westleche skandinavesche Raum erof op Mëtteleuropa gezu kënnt. Dëst géif eis e Sak mat wanterlech kale Loftmasse bréngen, deen och Nidderschléi am Rucksak huet. Dëst wier zanter laangem mol erëm d’Chance op wéinstens e bësse Schnéi zu Lëtzebuerg.


Och polar Loftmasse géifen et dee Moment op Lëtzebuerg packen, 8. Januar 2024 | Grafik: wxcharts.com

Wier dëse Schnéi, wann en da kënnt, nohalteg? Dat ass nach schwéier ze soen… mee mech perséinlech géif et net wonneren, dass och trotz nërdlecher/nordëstlecher Stréimung amplaz Westwiederlag, déi wanterlech Perioden ni wierklech laang unhalen, well se erëm séier duercherneegewirbelt ginn. Mee mol kucke, wat eis de Januar nach esou bréngt…