De Wanterwieder-Update: Wéini schneit et erëm zu Lëtzebuerg?

Den éischte Schnéi vun der Saison hate mir jo schonn... mee wéini kënnt en erëm? Wat sech ännere muss, diskutéiere mir an dësem Artikel.

Advertisement

Advertisement

Déi aktuell Wiederlag

Wéi am Wochenausbléck geschriwwen, hu mir et an der éischter Wochenhallschent mat enger variabler Westwiederlag ze dinn, déi an der zweeter Wochenhallschent an eng Héichdrocklag iwwergeet. Esou wéi dat ganzt awer soll iwwert d’Bühn goen, hätten déi richteg nohalteg wanterlech Loftmassen ëmmer nach keng Chancen sech duerchzesetzen. Et kënnt also ganz op d’Entwécklungen an de leschten 10 Deeg vum Dezember un wann et drëms geet, ob mir de Schnéi dëst Joer nach ze gesi kréien oder net. Dat selwecht gëllt och fir d’Fro, ob et dëst Joer mat de wäisse Chrëschtdeeg klappt.

Wat muss geschéien a wéi leeft dat of?

Fir dass sech dëse Mount nach de Wanter op nohalteg Aart a Weis bei eis weist, musse mir aus dem stännege Wiessel tëscht méi killen an erëm méi mëlle Loftmassen eraus. Dëst ka just geschéie, wa sech eng fest kill an am beschten och fiicht Stréimung etabléiert, déi eis d’Zutate fir wanterlecht Wieder mat Schnéi géif bréngen. E Bléck an d’Modeller verréit, dass esou eppes an de leschten Deeg vum Mount theoretesch méiglech ass – et gëtt esouguer schonn e puer Deeg laang esou berechent, wat jo schonn mol net schlecht ass.


D’Grousswiederlag ronderëmt de 15. Dezember 2023 | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Enn dëser Woch installéiert sech d’Héichdrockgebitt iwwert eise Käpp. Duerch seng Beweegung mat der Auer saugt et op senger Ostsäit wanterlech Loftmassen a Richtung BeNeLux. Nohalteg sinn dës awer net, an dohier net dat, no dem mir sichen. Fraschteg kann et awer trotzdeem ginn. D’Héich soll bis an den Ufank vun der nächster Woch iwwert eis leien – a well et dann méi zentral iwwert eis ass, sinn d’Loftmassen och net méi esou kill.

Den Ëmschwong

Interessant gëtt et ronderëmt den 20. Dezember, well eist Héich dann viraussiichtlech duerch markanten Déifdrockafloss aus Nordwesten verdrängt gëtt. Zu dësem Zäitpunkt läit e neit Héichdrockgebitt iwwert dem ëstlechen Atlantik, iwwerdeems Déifdrockafloss iwwer Skandinavien läit. Duerch dës Konstellatioun hätte mir wanterlech kill mee awer och fiicht Loftmassen, déi riicht op Lëtzebuerg duergezu kéimen. Et kann dann also erëm zu Schnéischauere komme, wa sech d’Situatioun genee esou ofspillt.


Déi méiglech Grousswiederlag ronderëmt den 21. Dezember 2023 | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Ob dës Wiederlag eng nohalteg ass, kann een awer nach net esou richteg beäntferten. Den enge Modell-Leef no gëtt et direkt duerno erëm vill ze mëll fir Schnéi, anere no soll et no enger ganz kuerzer Erwiermung genee fir Chrëschtdag erëm wanterlech ginn. Och wann et nach immens spannend gëtt, bestinn déi bescht Chancen op op d’mannst e bësse Schnéi, ganz dovun ofgesinn wou am Land, tëscht dem 20. Dezember a Silvester.