De Weekend-Update: Ongemittlech mat méi rouegen Ofschnëtter

En Déifdrockgebitt mat engem éischter ongewéinleche Lafwee begleet eis duerch de Weekend. De Wand ass mat Momenter méi stramm ënnerwee, op de Koppe kann et zäitweis schneien.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Déifdrockgebitt, wat eis erwaart, trëfft den Owend a Form vun engem kräftege Stuermdéif op déi brittesch Inselen. Staatlech Wiederdéngschter an Irland esouwéi och an England hu rar Warnunge vun der héchster Stuf ausgeruff. D’Déif trëfft e Samschdemëtten op déi franséich, belsch an hollännesch Küsten a beweegt sech duerno mat sengem Kär iwwer Land virun, wouduerch et sech séier ofschwächt.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht op e Sonnden zitt de Kär vum Déif entweder iwwert oder knapp westlech un eis laanscht a bréngt an éischter Linn en zimmlech naasse Verlaf duerch Reen, lokal Schnéischaueren an och mol e kräftege Wand. Alles an allem soll et sech awer a Grenzen halen.

De Verlaf

Haut den Owend ass den Himmel wollekeg, punktuell komme Lächer op. Et wäert dréche bleiwen, iwwerdeems d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréckginn. An der zweeter Nuetshallschent komme lues a lues déi éischt Nidderschléi an d’Spill, ier et muer de Moie fréi verbreet wäert reenen. De Wand hëlt och zou, Spëtzte bis ëm 50 km/h si méiglech. Am Virmëtte gëtt et och nach naass, mee et gëtt awer tendenziell manner. Mëttes an am Nomëtte sinn d’Nidderschléi méi rar, de Wand hëlt awer weider zou. Punktuell si Spëtzte vu 60 bis 75 km/h méiglech. Am Laf vum Owend erreecht eis lues a lues de Rand vum Déifkär a bréngt eis no a no méi Nidderschléi. Duerch Temperaturen, déi zu dësem Zäitpunkt tëscht 1 an 3 Grad am Norde wäerte leien, kënnen dës och a Form vu Flacken erofkommen, iwwerdeems et soss meeschtens Schnéireen oder Reen ass. Well eis de Kär vum Déif esou no kënnt, gëtt de Wand, wat d’Nuecht méi al gëtt, ëmmer méi schwaach.

E Sonndemoien ass et wollekeg, plazeweis ka mol nach liichte Nidderschlag duerch d’Déifdrockgebitt bei eis am Land ënnerwee sinn. Am Laf vum Dag gëtt et awer ëmmer manner, och wann et tendenziell wollekeg bleift. Et besteet just eng kleng Warscheinlechkeet, dass et owes op e Neits zu liichte Nidderschléi ka kommen, déi aus Däitschland hire Wee op Lëtzebuerg fannen. D’Temperature packen et op viraussiichtlech 3 bis 5 Grad, an der Nuecht op e Méinde ka liichte Frascht optrieden.