
D’Déifdrockgebitt, wat eis de Moment beaflosst, wäert sech am Laf vun der Woch verzéien. Zur selwechter Zäit gëtt fir méi kill Loftmasse Plaz gemaach, wat heescht, dass et awer wanterlech bleift.
Advertisement
D’Grousswiederlag
E klengt Déifdrockgebitt “eeërt” elo schonn bal eng Woch iwwert dem westeuropäesche Kontinent ronderëm a suergt reegelméisseg fir eng gewëss Problematik bei de Wiedermodellrechnungen. Dës Problematik schéngt allerdéngs lues a lues agedämmt ze ginn, well sech momentan all d’Modeller driwwer eens sinn, dass sech d’Déif bis an d’Nuecht op e Mëttwoch ganz kuerz bis op d’Nordséi verlagert, fir dann en Donneschden zréckzewanderen an iergendwou iwwert der Nordhallschent vun Däitschland ze leien. Vun do aus verzitt et sech dann viraussiichtlech séier eriwwer a Russland.

Dës Beweegung suergt zur selwechter Zäit awer och dofir, dass no a no méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt ginn. E Sonnde kéinte mir un de Rand vun engem “Arctic Outbreak” geroden, méi dozou awer an engem separaten Artikel.
De Verlaf
Haut um Méinden huet d’Déif säi gréissten Afloss op eis. De Moien huet eis seng Waarmfront passéiert, den Owend kënnt d’Kalfront. Un hir reent et meeschtens, punktuell kënnen awer nach e puer Flacke net ausgeschloss ginn. Muer um Dënschde leie mir hannert der Front, wouduerch de Loftdrock och erëm e gutt Stéck klëmmt. Mir hunn et mat ville Wolleken ze dinn, och Niwwel ass méiglech. Zumools a Richtung spéidere Nomëtten ass et awer net ausgeschloss, dass sech d’Sonn mol kuerz weise kënnt. Bis an déi zweet Nuetshallschent eran ass den Himmel liicht wollekeg bis plazeweis dréif duerch Niwwelfelder.
E Mëttwochmoie klëmmt d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi erëm – entweder zéie se iwwert eis oder se erwësche ganz knapp déi franséisch Säit direkt hannert eiser Grenz. Am Laf vum Dag si Wolleken ënnerwee, dotëscht weist sech d’Sonn heiansdo. En Donneschde bleift et an eise Géigende meeschtens wollekeg oder dréif duerch e puer Niwwelfelder, d’Déifdrockgebitt läit an Tëschenzäit iwwert dem Oste vun Däitschland. Mat Chance si kuerz sonneg Momenter dobäi.
Fir de Freiden ass de Verlaf vun de Loftmasse nach net ganz kloer, an awer schéngt et am Allgemengen duerch den Héichdrockafloss zu kenge relevante Nidderschléi méi ze kommen. Et gesäit also no engem Mix aus Sonn, Wolleken a Niwwelfelder aus.
D’Temperaturen
Iwwerdeems mir haut bei meeschtens tëscht 2 a 5 Grad ënnerwee sinn, sinn et der muer 0 bis 5. E Mëttwoch ass e kuerzen Ausräisser op tëscht 2 a 6 Grad méiglech, ier d’Wäerter en Donneschden dagsiwwer op tëscht 0 a 4 Grad falen. An de Nuechten hu mir et mat liichtem Frascht ze dinn, a Richtung Weekend sinn awer och Zenarie mat méi markantem Frascht net ausgeschloss. Méi dozou awer, wéi gesot, an engem separaten Artikel.